Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik Aktuell

opus / Klassik Aktuell

/ "Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

"Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

Wéi den Timothy Ridout als klenge Jong d'Titelmelodie vun Harry Potter op enger Braatsch héieren huet, war hie selwer wéi verzaubert. Et war dee Moment datt hien och dat Instrument spille wollt.
Den Dënschde 15. Oktober kënnt de 29-järege Braatschist scho fir säin drëtte Concert op Lëtzebuerg. An der Philharmonie spillt hien zesumme mat dräi weidere jonke Musekerinnen a Museker: der Hyeyoon Park op der Gei, dem Kian Soltani um Cello an dem Benjamin Grosvenor um Piano.
Um Programm steet Kammermusek vu Richard Strauss a Johannes Brahms. An engem Gespréich mam Marie Schockmel huet den Timothy Ridout ënner anerem verroden, wéi et fir hien ass elo erëm zeréck op Lëtzebuerg ze kommen, a wat him Freed mécht nieft dem Musek maachen.

Episoden

Den Nikolai Rimksy-Korsakov

De Komponist vum Mount Mäerz um radio 100,7

Percussion in Concert 2019

Concert iwwermuer Donneschdeg (7. Mäerz 2019) am Stater Conservatoire

"Erbarme dich"

Concert mam Ensembel "A nocte temporis" zu Colmar-Bierg (10.3.2019)

Slawesch Kammermusek

Concert iwwermuer Mëttwoch (6.3.2019) am Stater Conservatoire

"Erbarme dich"

Concert mam Ensembel "A nocte temporis" zu Colmar-Bierg (10.3.2019)

Den Dirigent a Pianist André Previn

Den Dirigent ass am Alter vun 89 Joer zu New York gestuerwen.

Den Dirigent a Pianist André Previn

Den Dirigent ass am Alter vun 89 Joer zu New York gestuerwen.

Old-Heidelberg

De Carl Davis dirigéiert den OPL mat senger eegener Filmmusek am spéitromanesche Stil.

Wäiss a Schwaarz

An der éischter Editioun vun der neier Pianossendung Wäiss a Schwaarz gi mir mat der Cathy Krier op d'Spuer vum Jean-Philippe Rameau.

Musiques Britanniques & Brahms

Concert am Buerglënster Schlass, e Sonndeg 3.3.2019 um 17:00

Den INECC Bach Choir recrutéiert

Dem Bach säi Gebuertsdag gëtt dëst Joer mat Mini-Concerten an der Stad gefeiert. Bei zwee dovu ka jiddwereen dee wëllt, matmaachen.

D'Instrumenter Hautbois a Klarinett am Mëttelpunkt

Concert vun der Proffe vum Escher Conservatoire den Samschdeg 02.03.2019.

L'Histoire du Soldat

D'Geschicht vum Zaldot mat der Gei an dem Däiwel steet an der Philharmonie um Programm.

Yoga a Brahms

A Kombinatioun mat enger Yogastonn proposéieren d'Pianistin Cathy Krier an d'Geiistin Laurence Koch eng Sonate vum Brahms.

Kompositiounen, Improvisatiounen an Arrangementer

Den Organist Thierry Escaich trëtt zesumme mam Trompettist Romain Leleu an der Philharmonie op.

D'Klarinett am Mëttelpunkt vum Act'Art Concert

De 26. Februar 2019 um 19:00 am Stater Conservatoire

Kuerznoriichten

"Nous avons l'habitude de travailler extrêmement dans le détail"

En Abléck an eng Prouf fir d'Kammeroper "En Silence" vum Alexandre Desplat an der Solrey

Kuerznoriichten

De Quatuor du Luxembourg invitéiert op Wien

Bei sengem Concert apéritif proposéiert den Ensembel Musek vun den dräi éisträichesche Komponisten Haydn, Mozart a Kreisler.