Radioen

On air

De gemittleche Moien  |  Pjotr Iljitsch Tschaikowski - Sinfonie Nr.6 a Si Mineur, Op. 74 "Pathétique", IV. Adagio lamentoso - Radio-Sinfonieorchester Stuttgart des SWR, Roger Norrington (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik Aktuell

opus / Klassik Aktuell

/ "Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

"Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

Wéi den Timothy Ridout als klenge Jong d'Titelmelodie vun Harry Potter op enger Braatsch héieren huet, war hie selwer wéi verzaubert. Et war dee Moment datt hien och dat Instrument spille wollt.
Den Dënschde 15. Oktober kënnt de 29-järege Braatschist scho fir säin drëtte Concert op Lëtzebuerg. An der Philharmonie spillt hien zesumme mat dräi weidere jonke Musekerinnen a Museker: der Hyeyoon Park op der Gei, dem Kian Soltani um Cello an dem Benjamin Grosvenor um Piano.
Um Programm steet Kammermusek vu Richard Strauss a Johannes Brahms. An engem Gespréich mam Marie Schockmel huet den Timothy Ridout ënner anerem verroden, wéi et fir hien ass elo erëm zeréck op Lëtzebuerg ze kommen, a wat him Freed mécht nieft dem Musek maachen.

Episoden

Wéi maachen ech en Interview mat enger Musekerin?

E pädagogesche Projet vun der Europaschoul zesummen mam radio 100,7 an der Philharmonie

Madrigalen - vokal an instrumental

Den Ensemble Il Festino zu Walfer bei de Rencontres Musicales de la Vallée de l'Alzette (10. Februar 2019)

Karl Jenkins

De Komponist vum Mount Februar

Duo vun de Geschwëster Khadem-Missagh

Concert en duo am Buerglënster Schlass den 10. Februar 2019 um 5 Auer

Elegy

E Gespréich mam Komponist Gao Ping iwwer säin neit Wierk "Elegy", dat de KMLV an de Quatuor Kreisler op d'Bühn bréngen.

Wien ass den drëtte Mann ?

Wien ass den drëtte Mann nieft de Komponisten Robert Schumann a Johannes Brahms?
Beethoven reloaded

Beethoven reloaded

D'Gebuertshaus vum Komponist zu Bonn mécht sech fit fir de Jubiläum 2020.

Let's Talk About...

Dat neit Buch vum Alain Steffen iwwer de Pittsburgh Symphony Orchestra

L'univers du Conte Musical, am Escher Conservatoire

Erwan et les Korrigans, eng Erzielung aus der Bretagne (Cécile prunet an bernard Col). Un chat sur la toile nom Muriel a Olivier Vonderscher.
Rosace.8

Rosace.8

De Pascal Schumacher presentéiert seng nei Kompositioun mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg

"From Amadeus 2 Albena"

Récital vun der Pianistin Zala Kravos am Kammermuseksall vun der Philharmonie (2.Februar 2019)

Beethoven boomt

Am Gespréich mat der Nike Wagner, Intendantin vum Beethoven-Fest Bonn
En éischte Bilan

En éischte Bilan

Tëschent dem 24. an dem 27. Januar war de Festival "Debussy +" am CAPE. Wéi war d'Resonanz? Ass d'Konzept opgaangen?

An 80 Minutte ronderëm d'Welt

D'Amstel Quartet invitéiert op eng musikalesch Weltrees
Vun LED-Luuchten bis zum Staubsauger

Vun LED-Luuchten bis zum Staubsauger

D'Perkussionistin Louisa Marxen proposéiert e Solo-Programm mat ganz ongewéinlechen Instrumenter

From Helsikni to California

De Perkussionist Martin Grubinger trëtt mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg op.

Debussy plus Jazz

Den Jazz Pianist Michel Reis proposéiert seng Vue op den impressionistesche Komponist.

En duebele Bléck zeréck

Um Festival Debussy + proposéiert d'Cathy Krier Wierker vu Komponisten, déi den Debussy inspiréiert hunn an déi vun him inspiréiert goufen

Four Pictures for Symphonic Band

Eng nei Kompositioun vum Kerry Turner

Bons baisers de Russie

Den Trio Benjamin den 28. Januar 2019 an der Philharmonie.