Radioen

On air

Wuelklang nom Iessen  |  Reynaldo Hahn - Variations chantantes sur un air ancien - Steven Isserlis (Cello), Connie Shih (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik Aktuell

opus / Klassik Aktuell

/ "Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

"Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

Wéi den Timothy Ridout als klenge Jong d'Titelmelodie vun Harry Potter op enger Braatsch héieren huet, war hie selwer wéi verzaubert. Et war dee Moment datt hien och dat Instrument spille wollt.
Den Dënschde 15. Oktober kënnt de 29-järege Braatschist scho fir säin drëtte Concert op Lëtzebuerg. An der Philharmonie spillt hien zesumme mat dräi weidere jonke Musekerinnen a Museker: der Hyeyoon Park op der Gei, dem Kian Soltani um Cello an dem Benjamin Grosvenor um Piano.
Um Programm steet Kammermusek vu Richard Strauss a Johannes Brahms. An engem Gespréich mam Marie Schockmel huet den Timothy Ridout ënner anerem verroden, wéi et fir hien ass elo erëm zeréck op Lëtzebuerg ze kommen, a wat him Freed mécht nieft dem Musek maachen.

Episoden

Yoga a Brahms

A Kombinatioun mat enger Yogastonn proposéieren d'Pianistin Cathy Krier an d'Geiistin Laurence Koch eng Sonate vum Brahms.

Kompositiounen, Improvisatiounen an Arrangementer

Den Organist Thierry Escaich trëtt zesumme mam Trompettist Romain Leleu an der Philharmonie op.

D'Klarinett am Mëttelpunkt vum Act'Art Concert

De 26. Februar 2019 um 19:00 am Stater Conservatoire

Kuerznoriichten

"Nous avons l'habitude de travailler extrêmement dans le détail"

En Abléck an eng Prouf fir d'Kammeroper "En Silence" vum Alexandre Desplat an der Solrey

Kuerznoriichten

De Quatuor du Luxembourg invitéiert op Wien

Bei sengem Concert apéritif proposéiert den Ensembel Musek vun den dräi éisträichesche Komponisten Haydn, Mozart a Kreisler.

Bartók a Bruckner mam Simon Rattle

Zesumme mam London Symphony Orchestra trëtt den Dirigent an der Philharmonie op.

En Silence

Den Oscargewënner Alexandre Desplat an d'Sorley schwätzen iwwer d'Uropféierung vun hirer Oper am Groussen Theater.

E bedeitende Komponist fir den Cello

Haut, virun 276 Joer, gouf de Luigi Boccherini gebuer.

Alex Potter

Am Kader vun de Rencontres Musicales de la Vallée de l'Alzette trëtt de Countertenor zu Luerenzweiler an der Kierch op.

Eng nei Aufgab mat 80 Joer

Haut ass de Gebuertsdag vum Dirigent Marek Janowksi, deen elo mat 80 Joer nach emol Chefdirigent gëtt.
Stuesend um Fued

Stuesend um Fued

Am Stued Theater proposéiert de Georges Urwald al lëtzebuergesch Fueslidder. Um Piano vum radio 100,7 gëtt hie well e klengen Abléck.

Zwee Joresdeeg an Engem

De 15. Februar ass souwuel de Gebuertsdag, wéi och de Doudesdag vum Komponist Michael Praetorius

Yann Tiersen

De Komponist vun der Filmmusek vu "Le Fabuleux Destin d'Amélie Poulain" trëtt an der Philharmonie op.

Eng Carrière an homeopatheschen Dosen

D'Sopranistin Anja Harteros als Solistin beim Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg

Kanner treffen eng Harfenistin

Schüler aus der Europaschoul am Gespréich mat der Anaïs Gaudemard
Lescht Statioun: Venedeg

Lescht Statioun: Venedeg

Virun 136 Joer stierft de Richard Wagner an enger Stad, an där hie méi wéi eng Kéier Inspiratioun fonnt huet.

E Podium fir jonk Talenter

Concert mat Laureaten aus de Lëtzebuerger Conservatoiren am Stater Conservatoire (15.2.2019)

Eng nei Erausfuerderung

De Benedikt Fohr, Manager vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern geet op Hong Kong.