Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik Aktuell

opus / Klassik Aktuell

/ "Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

"Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

Wéi den Timothy Ridout als klenge Jong d'Titelmelodie vun Harry Potter op enger Braatsch héieren huet, war hie selwer wéi verzaubert. Et war dee Moment datt hien och dat Instrument spille wollt.
Den Dënschde 15. Oktober kënnt de 29-järege Braatschist scho fir säin drëtte Concert op Lëtzebuerg. An der Philharmonie spillt hien zesumme mat dräi weidere jonke Musekerinnen a Museker: der Hyeyoon Park op der Gei, dem Kian Soltani um Cello an dem Benjamin Grosvenor um Piano.
Um Programm steet Kammermusek vu Richard Strauss a Johannes Brahms. An engem Gespréich mam Marie Schockmel huet den Timothy Ridout ënner anerem verroden, wéi et fir hien ass elo erëm zeréck op Lëtzebuerg ze kommen, a wat him Freed mécht nieft dem Musek maachen.

Episoden

D'Uergel an der Abteikierch Neimënster

Virun 300 Joer gebaut, fëllt d'Uergel d'Abteikierch Neimënster ëmmer nach mat hirem Klang. Elo steet si am Zentrum vun engem Uergel-Weekend

E jonken Trompettevirtuos

De Simon Höfele an d'Magdalena Müllerperth (Piano) spillen am Escher Conservatoire.

20 Joer Ambassadeur vum europäesche Gedanken

De Robert-Schuman-Chouer

Spaass um Experiment

"Haydn - An Imaginary Journey"

Konzentrat vun Neier Musek

De Festival Opening zu Tréier

De Steebock am Uelzechtdall

De Capricornus Consort ass Invité bei de Rencontres musicales de la Vallée de l'Alzette
Liebeslieder vum Johannes Brahms

Liebeslieder vum Johannes Brahms

E Concert zum Thema Vältesdag am Cercle Cité

Singing Roadshow

E Weekend voller Workshoppe mat Beatbox, Uewertoungesank a Vocal Coaching

Sounds of Transformation

Wa Klassik op Jazz trëfft.

Night and Day

Concert vum Ensemble vocal du Luxembourg mat enger Kreatioun vun der Valérie Knabe

Akzent op aktuell Musek setzen

Den Arend Herold, neien Direkter vum Insitut européen de chant choral

D'Julia Fischer kënnt an d'Philharmonie

Zesumme mat hirem Quartett proposéiert d'Geiistin Wierker vu Beethoven, Janáček a Schubert

Sébastien Rouland, neie GMD zu Saarbrécken

De franséischen Dirigent krut e Kontrakt fir 4 Joer als Generalmusikdirektor vum Staatstheater.

Eng Entdeckung

Eng Opnahm vum Franz Schmidt senger zweeter Sinfonie - De Klassik-CD vun der Woch
E russeschen Owend

E russeschen Owend

D'Luxembourg Philharmonia trëtt zesumme mat der jonker Geiistin Julie Adalsteinsson op.

D'Opening Night vum A Cape'lla-Festival

canto LX Académie an Amarcord - E jonken Ensembel mat aler Musek an en alen Ensembel mat méi jonke Wierker.

Judeum Epternacum

Ausstellung a Concerten zu Iechternach um internationalen Holocaust-Gedenkdag

E gutt Joer fir Lëtzebuerg

D'International Classical Music Awards 2018

OPL on tour: ronderëm d'Alpen

Dräi Länner, siwe Concerten an zéng Deeg fir den OPL op senger Tournée bis den 28 . Januar 2018

RMVA - Concert: Lontananza Dell'Amato

E Concert mam Collegium 1704 ronderëm d'Thema Léift