Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Eric Coates - Springtime Suite, I. - Slovak Radio Symphony Orchestra, Andrew Penny (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik Aktuell

opus / Klassik Aktuell

/ "Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

"Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

Wéi den Timothy Ridout als klenge Jong d'Titelmelodie vun Harry Potter op enger Braatsch héieren huet, war hie selwer wéi verzaubert. Et war dee Moment datt hien och dat Instrument spille wollt.
Den Dënschde 15. Oktober kënnt de 29-järege Braatschist scho fir säin drëtte Concert op Lëtzebuerg. An der Philharmonie spillt hien zesumme mat dräi weidere jonke Musekerinnen a Museker: der Hyeyoon Park op der Gei, dem Kian Soltani um Cello an dem Benjamin Grosvenor um Piano.
Um Programm steet Kammermusek vu Richard Strauss a Johannes Brahms. An engem Gespréich mam Marie Schockmel huet den Timothy Ridout ënner anerem verroden, wéi et fir hien ass elo erëm zeréck op Lëtzebuerg ze kommen, a wat him Freed mécht nieft dem Musek maachen.

Episoden

Christian Gerhaher

Vum Dr. med. zum unerkannten Lied-Sänger: De Bariton huet een interessanten a spannenden Parcours hannert sech.

Stabat Mater

Dee Schwäizer Chorerograph Urs Dietrich huet fir den Tréierer Theater dem Giovanni Battista Pergolesi säi Meeschterwierk fir den Danztheater adaptéiert.

Musek vum Claude Debussy

Concert-apéro vun den Amis de l’OPL mat der Hélène Boulègue (Flütt), der Dagmar Ondracek (Braatsch) an der Catherine Beynon (Harf)
De Pianist Joseph Moog

De Pianist Joseph Moog

Deen däitsche Museker kënnt fir e Récital an den Escher Conservatoire.

Den Duo Rosa

D'Sopranistin Stephany Ortega an d'Pianistin Lena Kollmeier presentéieren hir nei CD "Return".

Der Freischütz

Dem Carl Maria von Weber seng romantesch Oper huet e Samschdeg Première zu Saarbrécken.

D'Bande d'Hautbois vum OPL

De Bléiserensemble vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg trëtt e Sonndeg an der Porkierch zu Kayl op.

De Concours International de Violon de Mirecourt

Déi 4. Editioun vum Concours fänkt haut un.

Den Orchestre révolutionnaire et romantique

De Sir John Eliot Gardiner kënnt mat sengem Orchester an d'Philharmonie.

Deutsche Radiophilharmonie zu Metz

Am Kader vum musikaleschen Austausch an der Groussregioun trëtt den Orchester vu Saarbrécken am Arsenal op.

Nyckelharpa an Uergel

Dee schwedeschen Duo Johan Hedin (Nyckelharpa) a Gunnar Idenstam (Uergel) trëtt an der Philharmonie op.

KammerMusekVeräin um Festival Gouvy

1995 gegrënnt beméit sech den Institut ëm d’Wierk vun dësem Komponist aus dem Dräilännereck.

Dem Franz Schubert seng "Winterreise"

De Lieder-Zyklus gëtt e Freideg an e Samschdeg (11. an 12.11.16) an enger zeenescher Produktioun am Kulturhaus zu Miersch opgefouert.

The Classic Jam Sessions

De Mamer Kinneksbond presentéiert eng nei Concertsrei.
headphones

11 min

play_arrow

D'Geiistin Tamsin Waley-Cohen

D'Musekerin trëtt am Zyklus "Rising Stars" an der Philharmonie op.
headphones

8 min

play_arrow

D'Janine Jansen ass Invitée an engem OPL-Concert

Déi hollännesch Geiistin interpretéiert de Concerto vum Alban Berg.
headphones

9 min

play_arrow

D'Geiistin Patricia Kopachinskaja

Déi moldawesch Geiistin war mam OPL op Spuenien-Tournée.
headphones

11 min

play_arrow

D'Luxembourg Music Publishers

D'Associatioun huet mat hirem Editiounsprojet grousse Succès.
headphones

10 min

play_arrow

Deutsche Radiophilharmonie Saarbrécken-Kaiserslautern

Den Orchester huet ee mouvementéierten Saisonstart hannert sech.

Den OPL an d'Patricia Kopatschinskaja

Déi russesch Geiistin begleet de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg op senger Spuenien-Tournée.