Die Sehnsucht nach dem Süden

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

De 4. November um 19h30 spillen d’Solistes Européens, Luxembourg (SEL) e Concert ënner dem Motto “Sehnsucht nach dem Süden” am grousse Sall vun der Philharmonie. Mat dobäi ass déi lëtzebuergesch afro-kubanesch Band Pepino Caliente. Um Programm: Bossa Nova, Mambo awer och Jazz an d'Italienne vum Felix Mendelssohn Bartholdy. De Pierre Kremer, Trompettist vun der Band, huet dem Marie Trussart ënner anerem verrode wat hie besonnesch un der südamerikanescher Musek begeeschtert a wat de Numm vun der Band eigentlech bedeit. De Serge de Cillia, delegéierten Administrateur bei de Solistes Européens, Luxembourg, erkläert wat en "Jeans Concert" ass a wéi d'SEL ëmmer nees versichen innovativ ze sinn.


Tickete ginn et um Internetsite vun de Solistes Européens, Luxembourg.


Episoden

De Quartett Saxitude

Den Ensemble huet eng CD mat Chrëschtmusek erausginn.

D'Goldberg-Variatiounen gedanzt

De Choreograph Steijn Celis huet dem J.S. Bach säin Zyklus a Gesten ëmgesat.
Noël français

Noël français

"The Duke's Singers" an den Ensemble "Ad Libitum" interpretéieren Musek vum Marc-Antoine Charpentier.

Christmas Carols

E ganz beléiften traditionelle Rendez-Vous am Stater Conservatoire, dëst Joer den 13. Dezember 2016 um 20:00 Auer.

Wave Quartet an der Philharmonie

Concert am Kader vun der Serie Camerata den 12.12.2016.

Les Ondes zu Buerglënster

Florian Krumpöck & OCL am Kinneksbond

Orchestre National de Lorraine am Arsenal

OPL & Lukas Vondracek

MusMil - Marschconcours am Trifolion

Als Optakt vum 175. Anniversaire vun der Militärmusek ass den 10. Dezember am Trifolion e Concert.

Ensembel Recherche aus Freiburg

Um Festival Rainy Days spillt ënnert anerem en Ensembel vu Freiburg den 10. Dezember.

Max Mausen a Jason Anderson am CAPE

E Recital mam Klarinettist a Pianist

Pascal Schumacher: CD "ÜberBach"

Mam Zürecher Kammerorchester a Lëtzebuerger Pascal Schumacher

Concerten am Escher Conservatoire

Ee Gespréich mam Direkter Marc Treinen

De Johann Wenzel Kalliwoda

Dee béimeschen Museker ass Komponist vum Mount Dezember um radio 100,7.

Ouverture vum Festival Rainy Days

De Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg spillt fir den Optakt zwee Concerten ënnert der Leedung vum Ilan Volkov.

De Bass-Bariton Jean Bermes

De Sänger huet eng CD mat Wierker vum Cesar Cui publizéiert.

De Rudolf Buchbinder

De Pianist kënnt zesumme mat de Wiener Philharmoniker an d'Philharmonie.

Den European Union Baroque Orchestra

Den Ensemble ass Orchestra in residence am Trifolion zu Iechternach.

De Mandolinist Juan Carlos Munoz

De Museker huet mat sengen Ensemblen "Ensemble à plectres" vun Esch an Artemandoline eng jett Projeten geplangt.