headphones
3 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden
Wéi lieweg ass d'Groussregioun wierklech?
Zanter 10 Joer gëtt et d'Haus vun der Groussregioun. Mir froen d'Direktesch Florence Jacquey, wat do geschitt ass a wéi et der Groussregioun geet an Zäite vu Grenzkontrollen.
Uran uräicheren: wéi geet dat?
Fir atomar Sprengkäpp kënnen ze bauen, brauch een Uran, deen awer muss ugeräichert ginn. Wéi dat geet, erkläert de Guillaume Trap vun der Fondation Jeunes Scientifiques.
Firwat sinn d'Bloalgen dëst Joer esou fréi drun?
Mir hu beim Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST) nogefrot
Sträit am Escher Gemengerot
Et gëtt Sträit am Escher Gemengerot - Grond ass deen neie Vëloswee duerch d’Kanalstrooss.
Als ausgestuerwe gegollt an elo ass se nees opgetaucht: Dat grousst Glaskraut
D'Botaniker vum natur musée hunn déi extreem siele Planz, d'Glaskraut, direkt bei hinne virun der Dier fonnt. De Guy Colling vum natur musée erkläert.
Wéi geet et weider mat der franséische Steier op ultrahéich Verméigen?
De franséische Senat huet rezent déi sougenannt "Taxe Zucman" refuséiert. Wat elo d'Optioune si beschwätze mir mat eisem Korrespondent Max Tholl.
Op de Spuere vu Fabricken, Minnen a Lokomotiven
Fir d'éischte Kéier huet den INPA ee Buch iwwer dat industriellt Ierwe vu Lëtzebuerg erausginn. Mir kucke mam Direkter Patrick Sanavia op dat wat bleift a wat et bedeit.
Spuenier soen "no" zu ze vill Touristen
Dausende vu Leit hunn de Weekend géint de Massentourismus a Spuenie protestéiert. Eis Korrespondentin Aurélie Chamerois war dobäi a weess wourëm et geet.
Ëmfro bei däitsche Frontalieren: Een Drëttel denkt iwwer en Jobwiessel no
Dat ass d'Resultat vun engem rezente Sondage vun der Däitsch-Lëtzebuerger Wirtschaftsinitiativ DLWI. Mir schwätze mat hirem President Stefan Pelger.
Eskalatioun am Noen Osten: Ginn et Léisungen?
De Konflikt tëschent Iran an Israel zitt zanter Deeg ëmmer weider Kreesser. Wat si Léisungsusätz? Mir froen déi däitsch Expertin fir den Noen Oste Bente Scheller.
D'Nuit du Sport erwächt den Interessi un neie Sportaarten
Egal ob Kanner oder Erwuessener: Bei der Nuit du Sport war fir jiddereen eppes dobäi. Nieft bekannten Aktivitéiten ewéi Tennis oder Fussball, konnt een och méi modern Sportaarten ausporbéieren.
Wolz bleift d'Héichbuerg vun der Kreeslafwirtschaft
D'Ardennestad huet sech en Numm an der Economie circulaire gemaach an dat gouf elo grouss gefeiert. Wat mécht de Succès aus a wéi geet et lo weider?
Neie Rekord fir d'Lëtzebuerger Jugendherbergen
D'lescht Joer gouf et an de Lëtzebuerger Jugendherbergen esou vill Iwwernuechtunge wéi nach ni virdrun. Wat mécht de Succès aus? Mir froen de President vun der zoustänneger ASBL.
The Real Comedian Harmonists: Inspiréiert un der Vergaangenheet
Viru ronn 100 Joer gouf et ee ganz berüümte Gesangsensembel, dee “Comedian harmonists” geheescht huet. Ee Grupp vu 6 Sänger a Museker huet déi Iddi nees opgegraff, fir een neien Ensembel ze grënnen, nämlech de “Real comedian harmonists”.
Digitalradio iwwer DAB+ gëtt nach dëst Joer lancéiert
Mir hunn nogefrot, wéi déi 12 éischt Sender fir den DAB+ hei am Land erausgesicht goufen.
Wat bedeit et vu Schengen ze sinn?
Wéi den Zoufall an der Geschicht et wollt, ass Schengen haut berüümt. Mee wat bedeit dat de Leit aus dem klenge Wënzerduerf am Dräilännereck?
D'Benoit Martiny Band ass fir déi éischte Kéier duerch England getourt
D’Lëtzebuerger Jazz-Rocker hunn hir éischt England-Tournée gëschter ofgeschloss an eis verroden, firwat dës Concerten hinnen esou vill bedeiten.
100 Joer LGK
Den Escher Lycée Guillaume Kroll (ex-LTE) feiert 100 Joer. E Gespréich mat sengem Direkter Patrick Straus
De Robert Goebbels huet de Schengen-Accord viru 40 Joer ënnerschriwwen
Mir froen dee fréieren LSAP-Minister, wéi et dozou koum, datt den Accord ausgerechent am klenge Miseler Wënzerduerf ënnerschriwwe gouf.