1. Déi brittesch Police mellt eng Festnam an Zesummenhang mat der Kollisioun gëschter tëschent zwee Schëffer an der Nordséi
2. Den Handelssträit tëschent den USA a Kanada eskaléiert weider: Muer sollen d‘US-Importtaxen op kanadesche Stol an Aluminium vu 25 op 50 Prozent verduebelt ginn
3. Kruziaalt Treffen tëschent der Ukrain an den USA zu Djedda a Saudi-Arabien. Zu Paräis sinn 30 Arméi-Cheffen zesumme fir Sécherheetsgarantië fir d‘Ukrain ze definéieren
4. Optakt um Stater Geriicht vum Prozess ëm en déidlechen Tëschefall bei engem Training vun der Escher Jeunesse