Déi amerikanesch Taxe vu 25 Prozent op Stol- an Aluminium-Importer aus der EU, déi gëschter a Kraaft getruede sinn, treffen hei am Land virun allem eng Entreprise: Arcelor Mittal. Si exportéiert ongeféier 20 Prozent vun de Palplanchen an Träger, déi hei gewalzt ginn, an d’USA. D’Géigemesuren, déi d’EU-Kommissioun gëschter a Form vun Taxen op Jeans, Motorrieder a Whisky ugekënnegt huet, hëllefen dem Lëtzebuerger Stolproduzent natierlech näischt. De CEO vun der Chambre de Commerce Carlo Thelen hält déi europäesch Reaktioun nawell fir adäquat.
US-Taxen: Eng lose-lose-Situatioun
headphones
3 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden
Mam autonome Bus iwwer de Belval
Wéi funktionéieren déi nei Navetten a wat bedeite se fir déi zukünfteg Entwécklung vum ëffentlechen Transport hei am Land?
"Et war eng schwiereg Decisioun"
Interview mam Premier Luc Frieden zu New York no senger Ried iwwer d'Unerkennung vu Palästina als onofhängege Staat
Am Gaart kann d'Zäit stoe bleiwen
Zesummen am Gaart ze schaffe ka fir Mënsche mat Demenz an hir Famillen a Frënn eng erhuelsam Beräicherung sinn, seet d'Gaardentherapeutin Ulrike Kreuer.
Ass d'Unerkënnung vu Palästina méi wéi Symbolik?
Mir froen den No-Ost-Expert Jan Busse.
10 Joer nom Referendum
Beim Referendum ëm d’Auslännerwalrecht, dem Walrecht vu 16 Joer un an der Limitéierung vun de Mandater vu Regierungsmember koum et zu engem massiven Nee.
Eventtipp: Konferenz mam Ranga Yogeshwar
De Wëssenschaftsjournalist gëtt den Owend um Geesseknäppchen Tipps, wéi ee Foodwaste ka verhënneren.
Europäesch Reunioun vun de Lëtzebuerger Studenten
De Pensiounsystem gouf zu Stroossbuerg op der REEL, der Réunion Européenne des Étudiants Luxembourgeois, ënner d'Lupp geholl.
Tour de Luxembourg
E Bilan vun der 2025er Editioun mam Tour-Direkter Andy Schleck a mam Michel Ries, deem seng Ekipp Arkea B&B Hotels méiglecherweis virum Aus steet.
Infektiounskrankheeten
D'Inspection sanitaire huet de Rapport épidémiologique vun 2024 publizéiert. Erklärungen dozou vum Spezialist Joël Mossong.
De Gérard Schockmel ass net domat averstanen den Avortement an d'Verfassung anzeschreiwen
Als éischte Majoritéitsdeputéierte verréit den DP-Politiker an Dokter, datt hien net mat enger Aschreiwung vun der Ofdreiwung an d'Verfassung averstanen ass.
Speed Dating an der Brasserie Guillaume
Fir all déi, déi nach op der Sich no der grousser Léift sinn.
Fro vun der Woch
Wat ass déi eng Saach, déi Dir um Lëtzebuerger Schoulsystem géift änneren? Den Educatiounsminister Claude Meisch reagéiert op déi Punkten, déi am dacksten ernimmt goufen.
Haut virun 32 Joer war d'Gebuertsstonn vum Radio 100,7
Mir lauschteren an déi alleréischt Sendungen vun deemols eran.
Ouverture vum GRIDX an der Gemeng Reckeng
Ee vun de gréisste Bauprojeten zu Lëtzebuerg huet gëschter seng Dieren opgemaach. De Carlo Müller, Buergermeeschter vu Reckeng, ass live zougeschalt. Wéi gesäit hien de Projet.
Ofdreiwung an der Verfassung: DP poposéiert neie Wording
D'DP-Presidentin an -Deputéiert Carole Hartmann mengt et wier besser vun enger "Fräiheet fir ofzedreiwen" wéi vun engem "Recht op Ofdreiwung" ze schwätzen.
Event-Tipp: Tempus Mediaevale
Dëse Weekend (20. an 21.9.) kennt Dir an der Zäit zeréckgoen um Mëttelalterfest zu Käerch.
Event-Tipp: Vëloreparatur Workshop
Fir déi Leit, déi nach e futtisse Vëlo doheem stoen hunn, oder déi gäre méi wësse wëllen iwwer d‘Reparatur vum Vëlo, kenne muer(18.09.) ob Diddeleng fueren, op de Site Nei Schmelz.
ONA-Strukturen: Wéi ass d'Situatioun?
De Familljen- an Acceuilsminister wollt mam Pilgertaf duerch d'Land zéien, fir ONA-Strukturen opzemaachen. Wou sinn déi Strukturen drun? Mir hu recherchéiert.