Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Panorama

headphones

10 min

Lauschteren play_arrow

1. Op der Stater Gare war de Moien eng Demonstratioun wéinst dem Manktem u Sécherheet am Garer Quartier. Eng 600 Leit hate sech op der Stroosbuerger Plaz versammelt.


2. D’Situatioun a Berg-Karabach bleift ugespaant. En éischte Convoi vum internationale Roude Kraiz ass ënnerwee an d‘Konfliktregioun.


3. Haut ass den zweeten a leschten Dag vun der offizieller Visitt vum Poopst François zu Marseille. Hien denoncéiert d‘Indifferenz vun de politesche Responsabelen an Europa a punkto Migratioun.


4. Den däitsche Bundeskanzler schwätzt sech fir eng méi staark Kontroll vun der irregulärer Migratioun aus. Den Olaf Scholz stellt méiglech zousätzlech Mesuren an Aussiicht.


5. Am Tour de Luxembourg gëtt haut déi véiert Etapp gefuer. D ‘Coureuren trieden an engem 24 kilometer laangem Eeenzel-Zäitfueren un.

Episoden

Panorama

Kierchbierg soll "attraktiivste Quartier ginn" / Asselborn: EU däerf Italien "net eleng loossen" / Iran: Donald Trump hält um Atom-Accord fest

Panorama

Vitesse an der Avenue J. F. Kennedy gëtt op 50 limitéiert / LSAP schléisst Koalitioun mat ADR an déi Lénk aus

Panorama

Google: Nach kEng Decisioun fir Datacenter zu Biissen / Nigeria: Attentat mat aacht Doudegen / Tennis: Gilles Muller elo 22. an der Weltranglëscht

Panorama

De Staatsrot kritiséiert d'Police-Reform / Et ass weider onkloer, ob e Google-Datacenter um Lëtzebuerg kennt / Südkorea proposéiert Nordkorea Gespréicher

Panorama

De Staatsrot kritiséiert d'Police-Reform / Et ass weider onkloer, ob e Google-Datacenter um Lëtzebuerg kennt / Südkorea proposéiert Nordkorea Gespréicher

Panorama

Macron: "Trump versicht Retour zum Weltklima-Accord" / Amsterdam wëll Touristestréim kontrolléieren (Korrespondenz) / Federer gewënnt säin aachte Wimbledon-Titel

Panorama

Macron: "Trump versicht Retour zum Weltklima-Accord" / Amsterdam wëll Touristestréim kontrolléieren (Korrespondenz) / Federer gewënnt säin aachte Wimbledon-Titel

Panorama

1000 Führerschäiner goufen dëst Joer agezunn / "Café-Santé" vum Planning familial informéiert Flüchtlingsfraen / EU kritiséiert Repressioun an der Tierkei

Panorama

Braum: "Unis-Budget ëffentlech, mä ouni Polemik diskutéieren" / Bistum zefridde mam Avis Staatsrot iwwer Kierchefabricken / Wimbledon: Muguruza gewënnt Dammefinale

Panorama

Staatsrot verwerft strikte Verbuet vu Gemengesubventioun u Kierchefong / Wuesstem ass Thema an der ADR Wahlcampagne / CCDH: Dezentraliséierung vun Dräibur néideg

Panorama

Avis vum Staatsrot iwwert d'Ofschafe vun de Kierchefabricken / Wuesstem an Nohaltegkeet si fir d'ADR Haapttheme fir d'Gemengewahlen

Panorama

Google: just een Terrain kënnt zu Biissen a Fro / Griicheland-Hëllef fir Lëtzebuerg: Verloschtgeschäft / CCDH begréisst zoue Struktur fir Jonker zu Dräibur

Panorama

Regierung proposéiert Site zu Biissen fir Google Datacenter / Peking weist Kritiken nom Dout vum Liu Xiaobo zeréck / Nidderkuer verléiert 0-1 géint Limassol

Panorama

Regierung proposéiert Site zu Biissen fir Google Datacenter / Peking weist Kritiken nom Dout vum Liu Xiaobo zeréck / Nidderkuer verléiert 0-1 géint Limassol

Panorama

Doud vum Liu Xiaobo / Fréier SREL-Mataarbechter Mille, Kemmer a Schneider komme viru Geriicht / Google-Datenzenter kéint op Biissen kommen

Panorama

Space mining-Gesetz an der Chamber gestëmmt / Interview mam Landesverband-President iwwer intern Muechtkämpf / Progrès Nidderkuer den Owend géint Limassol

Panorama

Wéi e Suivi gëtt de BKA de Panama Papers? / Korruptiounsprozess: 9,5 Joer Prisong fir Lula Da Silva / Wimbledon: Out fir de G. Muller

Panorama

Wéi e Suivi gëtt de BKA de Panama Papers? / Korruptiounsprozess: 9,5 Joer Prisong fir Lula Da Silva / Wimbledon: Out fir de G. Muller

Panorama

Gréng Luucht fir Reform vun der Fleegeversécherung / Lëtzebuergesch Verdeedegungsausgabe solle klammen / Aus fir Gilles Muller zu Wimbledon

Panorama

Éischt Testfahrt fir den Tram / Landesverband fuerdert Kollektivvertrag fir Luxtram S.A. / Verdeedegungsbudget soll op 0,6 Prozent vum PIB klammen