headphones
3 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden
AMMD mécht Drock
D'Doktesch-Associatioun wëllt hir Memberen den 8. Oktober op enger AGE iwwer eng Kënnegung vun de Konventioune mat der CNS ofstëmme loossen.
Lëtzebuerger Bünepräisser
Gëschter Owend goufen am Mierscher Theater d'Lëtzebuerger Bünepräisser iwwerreecht.
Lëtzebuerger Spréchwierder ënner der Lupp
Wat ass Äert Liblingsspréchwuert op Lëtzebuergesch? Mir maachen de Point iwwer Är Äntwerten op eis Fro vun der Woch an analyséieren der e puer dovunner.
No senger Verurteelung: wat geschitt mam Nicolas Sarkozy?
Dee fréiere franséische Staatschef ass zu fënnef Joer Haft verurteelt ginn - a schwätzt vun engem Skandal. Wéi geet et elo weider? Erklärunge vun eisem Korrespondent Max Tholl
E Schoulbuch voller Feeler
De Luc Weis, Direkter vum SCRIPT, erkläert, wat genee schifgaangen ass beim Drock vum Franséischbuch fir d'7ième générale, dat elo zeréckgezu gëtt.
Automatesch Sproocherkennung op Lëtzebuergesch
Mat Hëllef vun der Online-Software LuxASR kann ee lëtzebuergesch Audio- a Videodateien ganz einfach online transkribéiere loossen.
Programm vum Trounwiessel
An der Stater Gemeng gouf gëschter (24.9.) den Oflaf vun der Passation de pouvoirs de Weekend vum 3. Oktober presentéiert.
Déiere geréieren am Parc Merveilleux
Am Zoo vun Nürnberg si Pavianen doutgemaach ginn, well hiert Gehege dem Gesetz no ze kleng gouf. Wier dat och hei méiglech? Froen un de Chef-Veterinär vum Beetebuerger Park.
Den Owend ginn déi vill kritiséiert Bünepräisser iwwerreecht
Mir erklären, firwat et am Virfeld esou vill Kritik gouf.
Max Hahn reagéiert op FEDAS-Appel
En Interview mam DP-Familljeminister iwwer d'Mesurë géint Obdachlosegkeet, déi d'Federatioun vun den Acteuren aus dem soziale Secteur gefuerdert huet.
Avortement - wéi ass et zu Lëtzebuerg?
Eng fundamental Debatt iwwer Kierperautonomie, d’Rechter vun de Fraen, mee och ëm déi eethesch a moralesch Fro, wéini d’Liewen ufänkt.
Peegelstänn
Mam Olivier Jeitz vun der Waasserverwaltung maache mir de Point vun de Peegelstänn nom staarke Ree vun de leschte Stonnen.
Encore!
Zanter 20 Joer triede lokal an international Artisten am Centre de Musiques Amplifiées um Belval op. Den Owend feiert d’Rockhal mat engem éischte vun zwee Concerten dee Gebuertsdag
De Michel Gloesener, en "illustre inconnu"
E Lëtzebuerger Physiker aus dem 19. Joerhonnert iwwer deen hei am Land wéineg gewosst ass, obschonn et duerch e glécklechen Ëmstand vill Dokumentatioun gëtt.
Neien Héchststand vum Goldpräis
D’Hausse vum Goldpräis ass awer net just interessant fir déi Leit, déi an d’Gold investéieren, mee och fir déi, déi an hirem Alldag mat Gold schaffen.
Neit ASBL-Gesetz: Iwwergangszäit ass ofgelaf
Bis gëschter haten ASBLen Zäit, hir Statuten un d'Dispositioune vum 2023er Gesetz unzepassen. Wat passéiert deenen, déi et net gemaach hunn?
20 Joer Rockhal: Eng Zäit, an där vill geschitt ass
Mir hu mam Rockhal-Direkter Olivier Toth doriwwer geschwat, wéi déi gréisste Concertshal am Land sech entwéckelt huet.
Eventtipp: Wei funktionéiert e Wandrad
Wandrieder ginn dacks vill diskutéiert a sinn och heefeg mat Virurteeler beluecht. All déi, déi sech gäre selwer e Bild maache wëllen, kënne dat haut zu Biekerech maachen.