"Glass Two" zu Klierf an en neit Buch vum Alain Steffen

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

"Glass for Two"

De Lëtzebuerger Vibraphonist Pascal Schumacher an déi däitsch-griichesch Pianistin Danae Dörken hunn d'lescht Joer hiren éischte gemeinsamen Album "Glass Two" opgeholl. Dorop sinn nieft eegene Kompositioune vum Pascal Schumacher och Wierker vum amerikanesche Minimalist Philip Glass. Haut (1.6.) um 5 Auer spille si aus deem Programm op hirem Première-Concert mam Motto "Glass for Two" hei am Land. Deen ass zu Klierf an der Loretto-Kapell. Am Gespréich mam Marie Trussart verréit de Pascal Schumacher méi iwwer de Programm an den Duo: Lauschteren

Lëtzebuerger Johannespassioun zu Wuermer

Beim Wuert "Johannespassioun" denkt ee séier un de Johann Sebastian Bach. Et geet awer och méi modern, an dat weist dem Jean-Pierre Kemmer seng Johannespassioun. Déi steet haut (1.6.) um 5 Auer um Programm zu Wuermer an der Kierch. Do séngt net nëmmen ee Chouer, mee direkt dräi verschiddener, an Dirigentin ass d'Steffi Schlink. Si erzielt am Gespréich mam Christophe Mirkes méi: Lauschteren

"Luxembourg Philharmonic. Das Zukunftsorchester"

Fir d’Lëtzebuerger Philharmoniker geet elo eng nei Era un - de Freideg 23. Mee hat de Gustavo Gimeno säi leschte Concert als Chefdirigent an der Philharmonie. Et war säi grousse “Farewell Concert”, also fir Äddi ze soen. Passend zu deem grousse Wiessel huet den Alain Steffen deen Dag och en neit Buch publizéiert mam Titel “Luxembourg Philharmonic. Das Zukunftsorchester”. De Lëtzebuerger Auteur verréit an engem Gespréich mam Marie Schockmel méi: Lauschteren

Klassik Album vun der Woch: Barockmusek vu Cremona

D'Berliner Barocksolisten brénge well hiren zweete Cremona-Album eraus, dës Kéier mat Geieconcerti vum Antonio Vivaldi, Francesco Durante, Leonardo Leo, Pietro Locatelli an Giovanni Battista Sammartini. Cremona an der Lombardei ass eng vun deene wichtegste Stied fir d’Urgeschicht vum Geiebau. D’Gei, wéi mir se haut kennen, gouf an Ateliere vu Geiebauer zu Cremona entwéckelt. Am 16. Joerhonnert hu Geiebauer aus dem Stied-Dräieck Mantua-Brescia-Cremona kënschtleresch an handwierklech Standarde fir de Geiebau festgeluecht, déi bis haut gëllen. D'Famillen Amati oder och spéiderhi Guarneri del Gesú a Stradivari kommen och aus Cremona. D'Marie Trussart huet den Album ganz gelauschtert a verréit seng Andréck am Gespréich mam Marie Schockmel.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Ee grousse Concours, ee jonken Cellist an ee jonke Pianist

Ee grousse Concours, ee jonken Cellist an ee jonke Pianist

E Réckbléck op de Prix Anne et Françoise Groben 2024, ee Concert mat engem jonke Pianist, an den neie Klassik Album vun der Woch
headphones

60 min

play_arrow
Zwee Concoursen an eng impressionistesch Komponistin

Zwee Concoursen an eng impressionistesch Komponistin

E Bléck op déi 40. Editioun vum Concours Jeunes Solistes vun der UGDA, de Prix Anne & Françoise Groben an den neie Klassik Album vun der Woch
headphones

60 min

play_arrow
Resonanzen

Resonanzen

En Iwwerbléck vun der Aktualitéit aus der Welt vun der Klassik
headphones

60 min

play_arrow
En Iwwerbléck vun der Aktualitéit aus der klassescher Musek

En Iwwerbléck vun der Aktualitéit aus der klassescher Musek

D’Kammerata Lëtzebuerg, den Ensembel Lucilin op den Donaueschinger Musiktage, Live-Musek aus der Philharmonie ian eng nei "The Dora Journey"-Podcast-Folleg
headphones

60 min

play_arrow
Resonanzen mam Christophe Mirkes

Resonanzen mam Christophe Mirkes

En Iwwerbléck vun der Aktualitéit aus der Welt vun der Klassik mam Christophe Mirkes.
headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow
Resonanzen

Resonanzen

Resonanzen op Pappendag
headphones

60 min

play_arrow
Wou sinn d'Fraen an der klassescher Musek?

Wou sinn d'Fraen an der klassescher Musek?

Ënner anerem ëm dës Fro geet et an dëser Episod.
headphones

60 min

play_arrow
Ee Summer mat 5 neien CDe vu Lëtzebuerger Artisten

Ee Summer mat 5 neien CDe vu Lëtzebuerger Artisten

Fir de Start vun der neier Saison vu Resonanzen hu 4 Leit aus der Klassikredaktioun an déi nei Lëtzebuerger Albumen eragelauschtert.
headphones

60 min

play_arrow