headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden
Wéi vill archeologesch Schätz ginn et zu Lëtzebuerg?
Mir froen deen neien Direkter vum nationalen Archeologie-Institut, den David Weis. (Rediffusioun vum 12.3.2025)
D'Klackespill vun der Iechternacher Basilika kann och Popmusek spillen
De Fabrice Renard, dee sech 26 Joer laang ëm d'Klackespill gekëmmert huet, huet eis kuerz viru senger Pensioun mat an den Tuerm vun der Basilika geholl.
Fussball: Déifferdeng leeft den Owend engem 2-3 Réckstand an Estland no
Als leschte Lëtzebuerger Vertrieder an Europa hofft Déifferdeng sech den Owend fir déi nächste Ronn vun der UEFA Conference League ze qualifizéieren.
Ofkillung um Iechternacher Séi
Dee kënschtleche Séi invitéiert mat sengen 9 Inselen zanter de 70er Joren op en Dag beim Waasser.
D'Schifergrouwe vun Uewermaartel sollen UNESCO-Weltkulturierwe ginn
Déi Ambitioun huet de Schifermusée, deen zanter den Nonzegerjoren un der Revaloriséierung vum fréiere Site fir Schiferofbau schafft.
Hoffnung op een internationalen Traité fir Plastiksoffall
Et ass scho fir d'zweete Kéier, datt déi international Gemeinschaft zesummekënnt, fir en Accord fir d'Begrenzung vum Plastiksknascht auszehandelen.
Hëtztwell am Altersheem
Wärend der Hëtztwell soll ee besonnesch op vulnerabel Leit oppassen. Wéi maachen d'Altersheemer dat?
Luc Holtz: Wéi reagéiert déi Mannheimer Press?
Den Thorsten Hof aus der Sportredaktioun vum Mannheimer Morgen begleet den Traditiounsveräi schonn zënter ville Joren. Wéi reagéiert hien op den neie Coach?
Vum Affekotecabinet op de Bauerenhaff
De Meyershaff huet jorelaang no engem Nofollger gesicht. Ausgerechent e geléierten Affekot huet d'Erausfuerderung ugeholl. Wéi koum et dozou a wat brauch een eigentlech dofir?
An der Hëtztwell ass de Spidolssecteur besonnesch gefuerdert
D'Martine Goergen, d’Direktesch vum Stater CHL erkläert, wéi d'Klinik op déi waarm Temperature reagéiert.
Wat ass dëst Joer nei op der Fouer?
Déi Responsabel vun der Stater Gemeng hunn d'Highlighte vun der Schueberfouer 2025 gëschter virgestallt.
Späicherstrategie Lëtzebuerg
De Simeon Hagspiel, Regierungskommissär fir Energie, gëtt Prezisiounen iwwer d’Subside fir Batterien, mat deenen een de selwer produzéierte Solarstroum späichere kann.
Eng Warscheinlechkeet vun 1 zu enger Millioun
Dat ass d'Chance, déi een aktuell huet, fir e passende Knachemuerch- oder Stammzellespender ze fannen.
Héichpunkt vun der Perseideschauer 2025
Wann et däischter ass, soll een Dosenden där Stäreschnäize mam bloussen A kënne gesinn. Explikatioune vum Eric Buttini aus dem natur musée.
De Baggerweier vu Rëmerschen
De Weier, eng al Sandgrouf, gëtt vum soziale Projet “Erliefnes Baggerweier” bedriwwen, dee Leit mat Handicap engagéiert.
COB House: mat Leem a Stréi nohalteg bauen
Dat war d'Zil vun engem Workshop, dee fënnef Woche gedauert huet. D'Resultat ass en Haische vu 14 Meter Carré.
D'Lëtzebuerger Resultater bei der Indiaca-WM an Estland
Déi lescht Deeg war an Estland d'WM am Indiaca, engem Sport, deen dem Volleyball gläicht, awer mat enger Zort Fiederball gespillt gëtt. Lëtzebuerg krut do zweemol Sëlwer!
Wéi kënne Festivalle méi nohalteg ginn?
D'Isabelle Schummer vum Oekozenter beréit d'Organisateuren am Kader vum Projet Green Events, wéi si den ekologesche Foussofdrock vun hire Veranstaltunge kënne reduzéieren.
Festivalle méi nohalteg gestalten
D’Pebia Urban huet sech zwee Lëtzebuerger Festivallen ugekuckt: ee mam offizielle Green Event Label an een ouni.