Viru Kuerzem goufen am Dinosaurierpark Teufelsschlucht dräi Zänn vum bis ewell eelste Flugsaurier aus Däitschland fonnt. Den Alter vun den Zänn gëtt op 210 Millioune Joer geschat. Si goufen am Kader vun engem Citizen-Science-Projet entdeckt. Dëse Projet erméiglecht et Visiteure vum Park selwer no Fossilien ze sichen.
Op de Spuere vun den Dinosaurier
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
D'Dr. Lea Numberger-Thuy, schafft als Paleontologin am Dinosaurierpark Teufelsschlucht. (Foto: D'Dr. Lea Numberger-Thuy, schafft als Paleontologin am Dinosaurierpark Teufelsschlucht.)
mic_none
Presentéiert vum
- Pit Beffort
Episoden
Gesondheetspolitik: d'Ministesch reagéiert op Gewerkschaftskritik
An engem laange Bréif un de Premier huet d'Union syndicale déi gesondheetspolitesch Pläng vun der Regierung attackéiert. D'Ministesch Martine Deprez reagéiert.
Eventtipp: Philharmonie Jam Session
D'Philharmonie invitéiert d'Leit mat hirem Instrument lanscht ze kommen a mat ze musizéieren.
Booker Prize fir David Szalay
Deen ungaresch-britteschen Auteur gëtt fir säi Buch "Flesh" ausgezeechent. De Jeff Schinker seet, wourëms et an deem Roman geet.
Oui, Chef!
De Luc Boentges aus der Opus-100,7-Klassikredaktioun huet mat de Lëtzebuerger Philharmoniker e Kachbuch erausbruecht.
No der Caritas-Affär
D'Generaldirektesch vun der Spuerkeess Françoise Thoma trëtt zeréck. Een direkte Lien mat der Bedruchsaffär a mat der CSSF-Strof hunn d'Responsabel awer net gemaach.
SES am Wandel
Beim Satellittebedreiwer vu Betzder kréien d'Aktivitéiten am Beräich Defense ëmmer méi Gewiicht. Explikatioune vum Senior Vice President Philippe Glaesener.
Kritik un der Studentefoire
D'ACEL ass onzefridde mam aktuelle Konzept vun der Studentefoire op der uni.lu um Belval. D'Héichschoulministesch Stéphanie Obertin reagéiert op d'Awänn vun de Studentevertrieder.
Eventtipp: De Ian de Toffoli an den Enrico Lunghi liesen aus hire Bicher
D'Liesung am Kader vun de "Mardis Littéraires" ass denowend am Stater Cercle.
Sammelkloe ginn och hei am Land méiglech
Mir hu mat der Direktesch vun der Union Luxembourgeoise des Consommateurs (ULC) iwwer Sammelkloe geschwat.