Legenden an Temperamenter

on the headlines

Vu Frankräich iwwer Éisträich bis erop a Skandinavie geet et musikalesch e Sonndeg, den 8. Mäerz, vun 11 Auer u mat der Deutsche Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern (DRP).


Mel Bonis, Wolfgang Amadeus Mozart a Carl Nielsen heeschen dräi Komponisten, déi den Dirigent Michael Schønwandt ënner dem Theema Legenden an Temperamenter zesummebréngt.


Datt de Mozart eng Legend ass, versteet sech vum selwen. Vun him spillt d’DRP de Pianosconcerto Nr. 27 mam Paul Lewis als Solist.

Virdru sinn et “Trois femmes de légende” vun der franséischer Komponistin Mélanie Bonis.

Choleeresch, phlegmatesch, melancholesch a sanguinesch: dës véier Temperamenter beschreift de Carl Nielsen a senger 4. Symphonie, déi am zweeten Deel um Programm steet.


Den Opus 100,7 an SR Kultur iwwerdroen dës Matinée vun der Deutsche Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern zesumme live aus der Saarbrécker Congresshalle.


Programm:

Mélanie Bonis:

“Trois femmes de légende pour orchestre”:

“Le songe de Cléopâtre” op.180 Nr. 2

“Ophélie” op.165 Nr. 2

“Salomé” op.100 Nr. 2

Wolfgang Amadeus Mozart: Concerto fir Piano a Si bémol Majeur, KV 595

Carl Nielsen: Sinfonie Nr. 4, op.16 “Déi véier Temperamenter”


Interpreten:

Deutsche Radio Philharmonie

Michael Schønwandt, Dirigent

Paul Lewis, Piano

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

I got rhythm | © Kevin Prud'Homme

I got rhythm

Gershwin, Bernstein, Copland a vill aner amerikanesch Komponisten
play_disabled
Chouermusek vu Monument bis Raritéit | © Chorale Saint Michel

Chouermusek vu Monument bis Raritéit

Direkt zwee Anniversairë feiert de Mechelschouer dës Saison ; 175 Joer Chorale Saint Michel a 65 Joer mam Gerry Welter als Dirigent. Dat mat Wierker vu Schumann a Bach op hirem tra
play_disabled
E romantesche Potpourri mam Lang Lang | © Olaf Heine

E romantesche Potpourri mam Lang Lang

De Starpianist Lang Lang an d'Düsseldorfer Symphoniker mat engem Programm vu Mendelssohn bis Dvorák.
play_disabled

Jonke Lëtzebuerger Quartett

De Yanis Grisó, d'Cathy Heidt, d'Sophie Urhausen an de Matis Grisó spillen hiren éischte gemeinsame Kammermusekconcert an der Philharmonie.
play_disabled
Mozart Forever - E Stéck Wien zu Bukarest | © fusion of horizons

Mozart Forever - E Stéck Wien zu Bukarest

Fir d’Ouverture vum Magic Summer International Festival spillt de rumänesche Camerate regală e puer vum Mozart senge bekanntste Wierker.
play_disabled
Jonke Lëtzebuerger Quartett | © Michal Stolorz

Jonke Lëtzebuerger Quartett

De Yanis Grisó, d'Cathy Heidt, d'Sophie Urhausen an de Matis Grisó spillen hiren éischte gemeinsame Kammermusekconcert an der Philharmonie.
play_disabled
Wagner’s Legacy | © Casa da Música/João Messias

Wagner’s Legacy

De Leopold Hager, dee 15 Joer Chefdirigent vum RTL Orchester war, feiert säin 90. Gebuertsdag mat de Lëtzebuerger Philharmoniker.
play_disabled
Staark Fraen am Livematschnëtt vu Stockholm | © EBU (European Broadcast Union)

Staark Fraen am Livematschnëtt vu Stockholm

D'Geiistin Isabelle Faust am Alban Berg sengem Geieconcerto an déi bekanntesten däitsch Sinfonikerin, d'Emilie Mayer
play_disabled
Zweete Pianosconcerto vun der Albena Petrovic

Zweete Pianosconcerto vun der Albena Petrovic

Bulgaresch Musek aus dem 20. an 21. Joerhonnert mam Bulgareschen Nationale Radio-Symphonieorchester
play_disabled
Verschneite russesch Zarewelt | © bearfotos

Verschneite russesch Zarewelt

Rachmaninov trëfft op Tchaikovsky
play_disabled
10 Joer Alessandro Urbano!

10 Joer Alessandro Urbano!

E Live-Matschnëtt vum Anniversairesconcert vum Diddelenger Titularorganist
play_disabled
Romantesch Sinfonien am Fokus | © Magali Dougados

Romantesch Sinfonien am Fokus

Mat zwee Meeschterwierker aus dem 19. Joerhonnert trëtt den Orchestre de la Suisse Romande op: dem Brahms seng drëtt Sinfonie an dem Dvorák seng siwent.
play_disabled
Vu Mississippi bis un den Amazonas | © Unsplash / Derrick Payton

Vu Mississippi bis un den Amazonas

De Monte-Carlo Philharmonic Orchestra spillt e Concert mat Musek déi d'Diversitéit vum amerikanesche Kontinent weist.
play_disabled
Den Neijoerschconcert vun de Wiener Philharmoniker | © Photo provided by the EBU.

Den Neijoerschconcert vun de Wiener Philharmoniker

Mir iwwerdroen den Neijoerschconcert vun de Wiener Philharmoniker live vun 11:15 un! Iwwer DAB+, an der opus 100,7 App oder iwwer www.opus.radio
play_disabled
Mat Schwong an dat neit Joer | © Marco Borggreve

Mat Schwong an dat neit Joer

E Silverster-Concert mat engem Programm tëschent Klassik an Jazz
play_disabled
Barock a Klassik mat "Vollbeschäftegung" | © EBU

Barock a Klassik mat "Vollbeschäftegung"

Mozart, Vivaldi, Haydn mam RTÉ Concert Orchestra
play_disabled
Mat 23 Joer scho weltwäit op de Bünen doheem | © Felix Broede

Mat 23 Joer scho weltwäit op de Bünen doheem

Déi jonk Geiistin María Dueñas spillt dem Bruch säin éischte Geieconcerto mat der NDR Elbphilharmonie Orchester ënner der Baguette vum Alan Gilbert.
play_disabled
Eng (net) komplett Sinfonie | © arne_hyckenmedia

Eng (net) komplett Sinfonie

Dem Schubert seng "Unvollendete" trëfft op Wagner a Ravel.
play_disabled
Wann de Cor rifft | © Bohumil Kostohryz

Wann de Cor rifft

E Kammermuseksconcert am Kader vun de Veiner MusicDays, mat Wierker vu Mozart, Brahms, Reuter a Kurtág
play_disabled
Den Nussknacker | © picture alliance / Panama Pictures | Dwi Anoraganingrum

Den Nussknacker

De perfekten, klassesche Chrëschtdag mam Tschaikowski, mat de Berliner Philharmoniker a mam Sir Simon Rattle
play_disabled