1. D’EU verhänkt Sanktioune wéinst der Deportatioun vun ukrainesche Kanner a géint israeelesch Siidler.
2. D’Verdeedegungsministesch Yuriko Backes huet den Deputéiert Erklärunge ginn, iwwert déi zukënfteg Verdeedegungsausgaben.
3. Bauere, Wënzer a Gäertner kënne sech am Fall vu psychesche Probleemer vun haut un un eng anonym a permanent Telefonshotline riichten.
4. D‘vereente Natioune warne virun enger gréisserer humanitärer Katastroph, wa weider keen Dünger duerch d‘Strooss vun Hormus kann transportéiert ginn.