Programm vun den Operen an de Stater Theateren

headphones

6 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

15.-21. Oktober 2026, Grand Théâtre

Giuseppe Verdi: Otello

Lëtzebuerger Philharmoniker

Jiulio Cilona, Direktioun

Nei Inszenéierung vum Ted Huffman, dem neien Direkter vum Festival vun Aix-en-Provence, am Italie vun de 1950er Joren. Et ass eng Epoch, an där Glanz a Gewalt niewentenee stinn. Den Huffman konzentréiert sech dobäi op deene Manipulatiounsspillercher vun de Protagonisten an awer och op déi zentral Roll, déi de Chouer spillt.


27.-29. November 2026, Grand Théâtre

Christoph Wilibald Gluck: Iphigénie en Tauride

Ensemble Le Consort

Les Éléments

Théotime Langlois de Swarte, Direktioun

D’Geschicht spillt op der Hallefinsel Tauris e puer Joren nom Trojanesche Krich an handelt ëm d’Schicksal vun de Kanner vum Agamemnon. Introduktioun vum Regisseur Wadji Mouamad, fir d’Geschicht aus der griichescher Mythologie ze situéieren. Eng Coproduktioun vun der Opéra-Comique, der Opéra du Capitole an de Stater Theateren. De Barockensembel Le Consort spillt dobäi op historeschen Instrumenter. Mat dobäi ass och de Chouer les Éléments, esou wéi eng Rei Ancienen aus der Académie de l’Opéra-Comique.


31. Dezember 2026-3. Januar 2027, Grand Théâtre

Leonard Bernstein: Candide

Opéra national de Nancy-Lorraine

Gaetano Lo Coco, Direktioun

Baséiert op en Text vum Voltaire a kritiséiert d’Gesellschaft vu senger Zäit duerch d’Geschicht vum jonken, naive Candide, deen eng deelweis katastrophal Helderees duerchgeet. Debut vun der Metteuse-en-scène Myriam Müller, Artiste Associée am Groussen Theater. Mat dobäi ass och de Szenograf Christian Klein, d’Costumière Sophie Van den Keybus an de Schauspiller Jules Werner, mat deenen d’Myriam Müller regelméisseg zesummeschafft. Coproduktioun vun de Stater Theateren an dem Opéra National de Nancy-Lorraine, dee mam eegene Chouer an Orchester kënnt.

04.-05.Februar 2027, Kapuzinentheater

Diana Soh: Zylan ne chantera plus

Monodrame vun der Komponistin Diana Soh. Zylan ne chantera plus ass d’Geschicht vum Sänger Zylan, dee wéinst senger Homosexualitéit verfollegt, gefoltert a schlussendlech ëmbruecht gëtt. Op der Bün stinn niewent dem Tenor Benoit Rameau och eng elektresch Gitar, en Cello a Perkussioun.


21.-23. Mee 2027, Grand Théâtre

Pascal Dusapin: Il Viaggio, Dante

Chouer vun der Staatsoper Hannover

Lëtzebuerger Philharmoniker

Roland Kluttig, Direktioun

D’Oper a 7 Tableauen ass eng Hommage un de Philosoph an Dichter Dante, dee virun 700 Joer gestuerwen ass. Dobäi kann ee materliewen, wéi dee jonken an den alen Dante sech ënnerhalen an dat an eiser heiteger Zäit.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

9 Proffen zu Esch "live in Concert" | © Quell: www.conservatoire.esch.lu

9 Proffen zu Esch "live in Concert"

"Wéi een Heemspill!" - De Christophe Frisch ass jonke Proff am Escher Conservatoire fir d'Cor. Am Oktett spillt de Museker dëse Samschden ee Concert duerch 150 Joer Museksgeschicht
headphones

4 min

play_arrow
100 Joer Escher Conservatoire | © Quell: Luc Schloesser/Conservatoire de la Ville d'Esch-sur-Alzette

100 Joer Escher Conservatoire

D'Geschicht vun der Schoul, d'Feierlegkeete ronderem de Jubiläum an d'Vergréisserung: Detailer doriwwer verréit de Sous-Direkter Claude Schlim
headphones

5 min

play_arrow
Den A CAPE’lla Festival

Den A CAPE’lla Festival

De Centre des Arts Pluriels Ettelbrück well mam A CAPE’lla Festival d'Diversitéit vum A-cappella-Gesang weisen.
headphones

4 min

play_arrow
Komponistinnen goufen et schonn ëmmer

Komponistinnen goufen et schonn ëmmer

Vill Leit denken nach ëmmer Komponistinne wieren e modernt Phenomen. Dobäi hu Fraë schonn ëmmer komponéiert.
headphones

4 min

play_arrow
Concert "Chocolat" am Bourglënster Schlass | © Jo Diseviscourt

Concert "Chocolat" am Bourglënster Schlass

Dë Sonndeg, 25. Januar 2026, presentéiert d'Lëtzebuerger Cembalistin Anne Galowich ee Concert ënnert dem Motto "Chocolat".
headphones

17 min

play_arrow
Neie Concerto vum Mozart gëtt an der Philharmonie gespillt | © Christoph Köstlin

Neie Concerto vum Mozart gëtt an der Philharmonie gespillt

Nächste Méinden spillt den Albrecht Mayer, Oboist bei de Berliner Philharmoniker, e Concerto fir Hautbois vum Wolfgang Amadeus Mozart, dat 2020 uropgefouert ginn ass.
headphones

5 min

play_arrow
"Lëtz Next Generation" | © opus 100,7

"Lëtz Next Generation"

Jonk Talenter als Soliste mam Orchestre de Chambre du Luxembourg an der Philharmonie.
headphones

4 min

play_arrow
English Trios | © Frënn vun de Lëtzebuerger Philharmoniker

English Trios

Dëse Sonndeg, 18. Januar um 11 Auer ass an der Salle de Musique de Chambre vun der Philharmonie e Concert, deen den Titel English Trios dréit.
headphones

4 min

play_arrow
5 Mol Jean-Pierre Kemmer | © René Scho

5 Mol Jean-Pierre Kemmer

De Sidney Scho an de Cercle Symphonique Rumelange féieren de 17.01. 5 Wierker vum J.-P. Kemmer am ArcA zu Bartreng op.
headphones

4 min

play_arrow
Ee Bléck hanner d'Musek - Le siècle de Lucia | © Pixabay

Ee Bléck hanner d'Musek - Le siècle de Lucia

De Maurizio Spiridigliozzi huet mam Opéra-Poème "Le siècle de Lucia / non trovo il filo” säin éischten Opéra-Poème komponéiert. Mir blécken hanner d'Kompositioun an d'Iddien.
headphones

21 min

play_arrow
Dat sinn d'Gewënner:inne vun den ICMA

Dat sinn d'Gewënner:inne vun den ICMA

Bei den International Classical Music Awards ginn all Joers besonnesch Leeschtungen a ganz Europa geéiert. Elo stinn dann d'Gewënner:inne fir 2026 fest.
headphones

3 min

play_arrow
Lëtzebuerger Kompositioun zu Sofia gespillt - "Sogno premonitore" | © Opus 100,7

Lëtzebuerger Kompositioun zu Sofia gespillt - "Sogno premonitore"

“Sogno premonitore” heescht esouvill wéi een Dram, dee wouer gi soll. Et ass eng Kompositioun vun der Lëtzebuerger Komponistin Albena Petrovic.
headphones

4 min

play_arrow
"Le grand jeu de l'oubli et de la mémoire" | © Quell: www.mierschertheater.lu

"Le grand jeu de l'oubli et de la mémoire"

“Le Siècle de Lucia”, eng literaresch Spueresich no der Liewensrees vum Jean Portante senger Mamm. Eng Oper iwwer Erënnerung, Entwuerzlung an Identitéit
headphones

4 min

play_arrow
Till Eulenspiegel - eemol anescht!

Till Eulenspiegel - eemol anescht!

Zwou Clowninnen, 5 Museker a vill tollpatscheg Momenter, kuerz: Till Eulenspiegel - eemol anescht!
headphones

4 min

play_arrow
D'Grenze sprengen | © Jo Diseviscourt

D'Grenze sprengen

Neijoerschconcert vun de Lëtzebuerger Philharmoniker mat ungareschem Touch
headphones

6 min

play_arrow
Eng musikalesch Mëttespaus an der Philharmonie | © Alfonso Salgueiro

Eng musikalesch Mëttespaus an der Philharmonie

Den 8. Januar kann een eng musikalesch Mëttespaus an der Philharmonie verbréngen. An dobäi kann een net nëmme Musek nolauschteren, mee och selwer matmaachen!
headphones

4 min

play_arrow
Wat ass 2026 anescht bei de Concerts de midi? | © opus 100,7/Jo Diseviscourt

Wat ass 2026 anescht bei de Concerts de midi?

En Iwwerbléck iwwer d'Concertsserie vun der Stad Lëtzebuerg mam Organisateur Serge Kieffer
headphones

4 min

play_arrow
Feierdeeg um Opus | © Pixabay

Feierdeeg um Opus

Looss dech mam Opus an eisem Choix un nationalen an internationale Concerte gemittlech duerch d'Chrëschtdagszäit begleeden.
headphones

6 min

play_arrow
Chrëschtstëmmung an der Philharmonie | © Alfonso Salgueiro

Chrëschtstëmmung an der Philharmonie

D'Lëtzebuerger Philharmoniker lueden d'Pueri Cantores an de Kammerchouer aus dem Stater Conservatoire op hiren alljärleche Chrëschtconcert an.
headphones

5 min

play_arrow
De Stater Conservatoire kritt fir déi nächst Rentrée en neien Direkter | © Radio 100,7

De Stater Conservatoire kritt fir déi nächst Rentrée en neien Direkter

De Marc Meyers huet annoncéiert, datt hie säi Posten no 15 Joer als Direkter wëllt fir d'Rentrée 2026 opginn. De Member vum Staatsrot wëllt awer am Conservatoire bleiwen.
headphones

21 min

play_arrow