Programm vun den Operen an de Stater Theateren

headphones

6 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

15.-21. Oktober 2026, Grand Théâtre

Giuseppe Verdi: Otello

Lëtzebuerger Philharmoniker

Jiulio Cilona, Direktioun

Nei Inszenéierung vum Ted Huffman, dem neien Direkter vum Festival vun Aix-en-Provence, am Italie vun de 1950er Joren. Et ass eng Epoch, an där Glanz a Gewalt niewentenee stinn. Den Huffman konzentréiert sech dobäi op deene Manipulatiounsspillercher vun de Protagonisten an awer och op déi zentral Roll, déi de Chouer spillt.


27.-29. November 2026, Grand Théâtre

Christoph Wilibald Gluck: Iphigénie en Tauride

Ensemble Le Consort

Les Éléments

Théotime Langlois de Swarte, Direktioun

D’Geschicht spillt op der Hallefinsel Tauris e puer Joren nom Trojanesche Krich an handelt ëm d’Schicksal vun de Kanner vum Agamemnon. Introduktioun vum Regisseur Wadji Mouamad, fir d’Geschicht aus der griichescher Mythologie ze situéieren. Eng Coproduktioun vun der Opéra-Comique, der Opéra du Capitole an de Stater Theateren. De Barockensembel Le Consort spillt dobäi op historeschen Instrumenter. Mat dobäi ass och de Chouer les Éléments, esou wéi eng Rei Ancienen aus der Académie de l’Opéra-Comique.


31. Dezember 2026-3. Januar 2027, Grand Théâtre

Leonard Bernstein: Candide

Opéra national de Nancy-Lorraine

Gaetano Lo Coco, Direktioun

Baséiert op en Text vum Voltaire a kritiséiert d’Gesellschaft vu senger Zäit duerch d’Geschicht vum jonken, naive Candide, deen eng deelweis katastrophal Helderees duerchgeet. Debut vun der Metteuse-en-scène Myriam Müller, Artiste Associée am Groussen Theater. Mat dobäi ass och de Szenograf Christian Klein, d’Costumière Sophie Van den Keybus an de Schauspiller Jules Werner, mat deenen d’Myriam Müller regelméisseg zesummeschafft. Coproduktioun vun de Stater Theateren an dem Opéra National de Nancy-Lorraine, dee mam eegene Chouer an Orchester kënnt.

04.-05.Februar 2027, Kapuzinentheater

Diana Soh: Zylan ne chantera plus

Monodrame vun der Komponistin Diana Soh. Zylan ne chantera plus ass d’Geschicht vum Sänger Zylan, dee wéinst senger Homosexualitéit verfollegt, gefoltert a schlussendlech ëmbruecht gëtt. Op der Bün stinn niewent dem Tenor Benoit Rameau och eng elektresch Gitar, en Cello a Perkussioun.


21.-23. Mee 2027, Grand Théâtre

Pascal Dusapin: Il Viaggio, Dante

Chouer vun der Staatsoper Hannover

Lëtzebuerger Philharmoniker

Roland Kluttig, Direktioun

D’Oper a 7 Tableauen ass eng Hommage un de Philosoph an Dichter Dante, dee virun 700 Joer gestuerwen ass. Dobäi kann ee materliewen, wéi dee jonken an den alen Dante sech ënnerhalen an dat an eiser heiteger Zäit.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Metallurgy am besten samstags | © Franziska Strauss

Metallurgy am besten samstags

Am Kader vun de Rainy Days 2025 trëtt d'Perkussionistin Louisa Marxen am Kammermusekssall op. Hir Instrumenter: e Ressort, Pingpong Bäll an e Staubsauger.
headphones

4 min

play_arrow
197. Joer ouni Schubert | © Pixabay (Collage)

197. Joer ouni Schubert

Op engem 19. November 1828 stierft de Franz Schubert. Mee no sengem Doud lieft seng Musek bis haut weider.
headphones

33 min

play_arrow
Michael Parsons - Live beim opus

Michael Parsons - Live beim opus

De Michael Parsons ass zënter den 1960er Joren als Komponist a Pianist an der zäitgenëssescher an experimenteller Musek ënnerwee, Dëst Joer dann och bei de Rainy Days 2025.
headphones

21 min

play_arrow
Rainy Days 2025 | © Philharmonie

Rainy Days 2025

Dëst Joer steet de Festival fir zäitgenëssesch Musek ënner dem Motto “Bodies”.
headphones

5 min

play_arrow
4 jonk Lëtzebuerger | © Bohumil Kostohryz, Joanna Paluch, Andrej Grilic, Bohumil Kostohryz

4 jonk Lëtzebuerger

SEL Camerata mat Quartettmusek vu Mozart, Borodin, Webern a Mendelssohn
headphones

3 min

play_arrow
Permière zu Buerglënster

Permière zu Buerglënster

Et kann een d'Lëtzebuerger Pianistin Sabine Weyer fir déi éischte Kéier am Trio mam Andrey Baranov a mam Dimitri Maslennikov héieren.
headphones

5 min

play_arrow
"Melodie der Felder" | © www.chiacchiarini.com

"Melodie der Felder"

Concert vum Orchestre de Chambre du Luxembourg, de 16. November um 17:00 an der Philharmonie
headphones

4 min

play_arrow
Uropféierung vun "Exolandscape" | © www.tatsianazelianko.com

Uropféierung vun "Exolandscape"

Den 13. November spillen d'Lëtzebuerger Philharmoniker am CAPE. Niewent grousse sinfonesche Wierker vu Beethoven, steet eng Uropféierung vun der Tatsiana Zelianko um Programm.
headphones

5 min

play_arrow
Harf a 5 Blechbléiser | © Kévin Prudhomme

Harf a 5 Blechbléiser

Eng ongewéinlech Kammermusekformatioun um nächste Concert ActArt de 16. November am Stater Conservatoire
headphones

4 min

play_arrow
Beethoven mam Frank Peter Zimmermann | © Irene Zandel

Beethoven mam Frank Peter Zimmermann

Live-Concert um Radio 100,7 an opus 100,7 mam Titel "Musik an europäischen Höfen", vun 8 Auer owes un aus der Saarbrécker Congresshalle
headphones

4 min

play_arrow
Veianer MusicDays | © Bohumil Kostohryz

Veianer MusicDays

Déi 6. Editioun vun de MusicDays verwandelt Veianen dëst Joer nees an eng grouss Bün, an dat bis den 9. November.
headphones

4 min

play_arrow
Echoen aus Indien | © Alfonso Salgueiro

Echoen aus Indien

D'Philharmonie stellt fir d'Saison 25-26 déi indesch Musek a Kultur an de Mëttelpunkt.
headphones

19 min

play_arrow
Lëtzebuerger an der Oper zu Tenerife

Lëtzebuerger an der Oper zu Tenerife

Den David Daubenfeld ass den Assistent vum Dirigent bei der Produktioun vun "Der Fliegende Holländer".
headphones

5 min

play_arrow
Concours de piano de Liège | © opus 100,7 /Ana Angel

Concours de piano de Liège

De Lëtzebuerger Pianist Jean Muller ass Jurysmember beim Concours de piano de Liège an haut live Invité am Harmonesche Moien.
headphones

20 min

play_arrow
Concerte fir Allerhellegen | © pixabay/gadgemayur

Concerte fir Allerhellegen

Wéi eng Musek hu mir fir Halloween, Allerhellegen an Allerséile fir Iech erausgesicht?
headphones

5 min

play_arrow
Nei Musek vum Francesco Tristano | © Boris Seewald

Nei Musek vum Francesco Tristano

De Lëtzebuerger Pianist Francesco Tristano huet rezent 7 Toccate vum Bach opgeholl.
headphones

5 min

play_arrow
En duebelen Jubiläum fir en traditiounsräiche Chouer | © Website Chorale Saint Michel

En duebelen Jubiläum fir en traditiounsräiche Chouer

175 Joer Méchelchouer vun deenen der de Gerry Welter 65 als Dirigent feiert
headphones

6 min

play_arrow
Schaureg-witzëgen Trëppeltour | © Valérie Geoffrion

Schaureg-witzëgen Trëppeltour

Den 30. an 31. Oktober verwandelt sech d'Fielser Schlass an ee schauregt-witzegt Spektakel fir Grouss a Kleng.
headphones

5 min

play_arrow
Zwischen Tasten und Taktstock | © BNL

Zwischen Tasten und Taktstock

Dem Pierre Nimax Senior säi Liewen, säi Wierk a säin Afloss op d'Lëtzebuerger Theater- a Musekswelt an enger Ausstellung an der Nationalbibliothéik.
headphones

9 min

play_arrow
Wéi geet et dem Chouersecteur zu Lëtzebuerg? | © opus Marie Schockmel

Wéi geet et dem Chouersecteur zu Lëtzebuerg?

Viru knapp zwou Woche waren am Mierscher Theater d’Assises Sectorielles du Chant Choral 2025 – do stoungen de Chouergesang a seng Zukunft hei am Land am Fokus.
headphones

6 min

play_arrow