Programm vun den Operen an de Stater Theateren

headphones

6 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

15.-21. Oktober 2026, Grand Théâtre

Giuseppe Verdi: Otello

Lëtzebuerger Philharmoniker

Jiulio Cilona, Direktioun

Nei Inszenéierung vum Ted Huffman, dem neien Direkter vum Festival vun Aix-en-Provence, am Italie vun de 1950er Joren. Et ass eng Epoch, an där Glanz a Gewalt niewentenee stinn. Den Huffman konzentréiert sech dobäi op deene Manipulatiounsspillercher vun de Protagonisten an awer och op déi zentral Roll, déi de Chouer spillt.


27.-29. November 2026, Grand Théâtre

Christoph Wilibald Gluck: Iphigénie en Tauride

Ensemble Le Consort

Les Éléments

Théotime Langlois de Swarte, Direktioun

D’Geschicht spillt op der Hallefinsel Tauris e puer Joren nom Trojanesche Krich an handelt ëm d’Schicksal vun de Kanner vum Agamemnon. Introduktioun vum Regisseur Wadji Mouamad, fir d’Geschicht aus der griichescher Mythologie ze situéieren. Eng Coproduktioun vun der Opéra-Comique, der Opéra du Capitole an de Stater Theateren. De Barockensembel Le Consort spillt dobäi op historeschen Instrumenter. Mat dobäi ass och de Chouer les Éléments, esou wéi eng Rei Ancienen aus der Académie de l’Opéra-Comique.


31. Dezember 2026-3. Januar 2027, Grand Théâtre

Leonard Bernstein: Candide

Opéra national de Nancy-Lorraine

Gaetano Lo Coco, Direktioun

Baséiert op en Text vum Voltaire a kritiséiert d’Gesellschaft vu senger Zäit duerch d’Geschicht vum jonken, naive Candide, deen eng deelweis katastrophal Helderees duerchgeet. Debut vun der Metteuse-en-scène Myriam Müller, Artiste Associée am Groussen Theater. Mat dobäi ass och de Szenograf Christian Klein, d’Costumière Sophie Van den Keybus an de Schauspiller Jules Werner, mat deenen d’Myriam Müller regelméisseg zesummeschafft. Coproduktioun vun de Stater Theateren an dem Opéra National de Nancy-Lorraine, dee mam eegene Chouer an Orchester kënnt.

04.-05.Februar 2027, Kapuzinentheater

Diana Soh: Zylan ne chantera plus

Monodrame vun der Komponistin Diana Soh. Zylan ne chantera plus ass d’Geschicht vum Sänger Zylan, dee wéinst senger Homosexualitéit verfollegt, gefoltert a schlussendlech ëmbruecht gëtt. Op der Bün stinn niewent dem Tenor Benoit Rameau och eng elektresch Gitar, en Cello a Perkussioun.


21.-23. Mee 2027, Grand Théâtre

Pascal Dusapin: Il Viaggio, Dante

Chouer vun der Staatsoper Hannover

Lëtzebuerger Philharmoniker

Roland Kluttig, Direktioun

D’Oper a 7 Tableauen ass eng Hommage un de Philosoph an Dichter Dante, dee virun 700 Joer gestuerwen ass. Dobäi kann ee materliewen, wéi dee jonken an den alen Dante sech ënnerhalen an dat an eiser heiteger Zäit.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Zwee Pianisten op dräi Pianoen | © opus 100,7 / Morgane Weidig

Zwee Pianisten op dräi Pianoen

D’Cathy Krier an de Jean Muller retracéieren d'Geschicht vun enger bekannter Pianosmark mat Hëllef vu Musek.
headphones

4 min

play_arrow
Musek aus Äis a Feier | © opus

Musek aus Äis a Feier

Neien Album vum Duo Natalia mat den dräi Sonate fir Gei vum Grieg
headphones

4 min

play_arrow
Ettelbrookyln Street Fest 2025 | © Carlo Cruz

Ettelbrookyln Street Fest 2025

Zu Ettelbréck gëtt et de 27. September fir déi 10. Kéier d'Ettelbrooklyn Street Fest organiséiert. Innovativ Concerten a spannend Workshoppe stinn um Programm.
headphones

3 min

play_arrow
Jules Verne an Olivier Dartevelle | © Unsplash / Alejandro Pinero Amerio

Jules Verne an Olivier Dartevelle

"Un certain Docteur Ox ... d'après Jules Verne", eng Fantasie vum Olivier Dartevelle, steet um Programm den 30. September an der Philharmonie.
headphones

5 min

play_arrow
Lucilin Past > Present > Future | © Véronique Kolber

Lucilin Past > Present > Future

Den Ensembel fir zäitgenëssesch Musek United Instruments of Lucilin fänkt seng nei Saison mat engem Concert un, deen an d'Vergaangenheet, d'Géigewaart an d'Zukunft kuckt.
headphones

23 min

play_arrow
Festival Bridges 2 am Foyer Européen | © opus 100,7

Festival Bridges 2 am Foyer Européen

De 25. September geet déi 7. Editioun vum internationale a Forum fir Kompositioun Festival Bridges 2 lass an dat am Foyer Européen.
headphones

4 min

play_arrow

En emotionale Concerto fir Cello

Déi jonk belsch Cellistin Stéphanie Huang huet 2022 de Concours international Reine Elisabeth de Belgique gewonnen an de 27. September spillt si e Concert zu Biebereg.
headphones

5 min

play_arrow
En emotionale Concerto fir Cello | © Raphaël Creton

En emotionale Concerto fir Cello

Déi jonk belsch Cellistin Stéphanie Huang huet 2022 de Concours international Reine Elisabeth de Belgique gewonnen an de 27. September spillt si e Concert zu Biebereg.
headphones

5 min

play_arrow
De Gewënner ass de Roland Wiltgen | © Unsplash (David Beale)

De Gewënner ass de Roland Wiltgen

Den "Domine, salvum fac magnum ducem nostrum Guillelmum" um Schluss vum Te Deum gouf elo erausgesicht.
headphones

3 min

play_arrow
Deen neie Marsch steet fest! | © Frënn vun der Militärmusek, Section Audiovisuelle de l'Armée

Deen neie Marsch steet fest!

Am CELO zu Hesper gouf de Freideg Owend an der Finall een neie Marsch fir den zukünftege Grand-Duc Guillaume gesicht. De Choix ass op de Georges Sadeler gefall!
headphones

8 min

play_arrow
Mierscher Theater

Mierscher Theater

Den Donneschteg Owend (18.09.) gouf an enger Presentatioun d'Saison 25/26 presentéiert.
headphones

4 min

play_arrow
En neie Marsch fir de Grand-Duc Guillaume | © Pixabay

En neie Marsch fir de Grand-Duc Guillaume

D'Finall vum Kompositiounsconcours - Marche Grand-Duc Guillaume, den 19ten September um 19 Auer 30 am Celo zu Hesper
headphones

5 min

play_arrow
Flirte mat véier Säiten | © Alfonso Salgueiro/Philharmonie

Flirte mat véier Säiten

Apéro-Concert String Serenades an der Philharmonie
headphones

4 min

play_arrow
Jidderengem de Bach méi no bréngen | © Foto: 100,7

Jidderengem de Bach méi no bréngen

Concert-Conférence vum Ensembel fir al Musek Ad Libitum an der Kierch zu Bartreng. Am Mëttelpunkt steet eng spezifesch Kantat vum J.S. Bach.
headphones

4 min

play_arrow
Symphonic Tales from the East | © Christian Wind

Symphonic Tales from the East

Saison-Optakt vun de Solistes Européens, Luxembourg an der Philharmonie
headphones

4 min

play_arrow