1. Exceptionell Canicule nach op d‘mannst bis Enn der Woch – eventuell nach bis e Méindeg. Dat mellen d‘Autoritéiten. Vun e Mëttwoch u sollen d‘Temperature sech erhéijen an am Duerchschnëtt tëschent 35 a 40 Grad leien. An der Nuecht falen d‘Temperaturen net méi ënner 20 Grad
2. Wéinst der Hëtzt huet d‘Metall vun engem Gleis op der Héicht vu Bierchem sech liicht deforméiert – den Zuchtrafic ass op zwou Strecke staark perturbéiert
3. De brittesche Premier Keir Starmer trëtt zeréck – säin Haaptrival Andy Burnham huet schonn ugekënnegt wëllen seng Successioun ze iwwerhuelen