menu
close
Startsäit
Mediathéik
Programm & Playlist
Iwwert den opus
Mäi Profil
close
Bookmarks
chevron_right
Abonnéiert Shows
chevron_right
Account-Astellungen
chevron_right
Conditiounen, Dateschutz a Cookies
Ofmellen
Startsäit
Mediathéik
Programm & Playlist
Iwwert den opus
share
facebook
email
11.07.2026 - 08h15
Noriichten
mic_none
Presentéiert vum
Carole Schimmer
Episoden
Editioun 8h15
21.10.2025 - 08h15
Péiteng ass an der Aktualitéit, engersäits well déi fënneft gréisste Gemeng am Land keng Flüchtlingsstrukturen huet a well se der Kaméidisbelaaschtung de Kampf ugesot huet.
Editioun 7h15
21.10.2025 - 07h15
Si 14 Millioune fir den Trounwiessel ze vill? Doriwwer gëtt diskutéiert an de Jean-Marie Halsdorf kritt d'Fro gestallt, firwat d'Gemeng Péiteng keng Flüchtlingsstrukturen huet.
Editioun 8h15
20.10.2025 - 08h15
Déi ontransparent Käschte fir den Trounwiessel packen et haut nach emol an d'Aktualitéit, donieft gëtt e gewuer wéi deier d'Ministeren hir Büroen ageriicht hunn.
Editioun 7h15
20.10.2025 - 07h15
Wéi kann et sinn, datt Doktere weider praktizéieren däerfen, obwuel se an engem anere Land hir Geneemegung verluer hunn? Där Fro geet Reporter.lu haut no.
Editioun vum Weekend
18.10.2025 - 08h15
D'Lëtzebuerger Wort rechtfertegt d'Verëffentlechung vum Gérard Schockmel sengem Meenungsartikel. De Sträit ronderëm d'AMMD an d'Tubak-Recetten si weider Themen.
Editioun 8h15
17.10.2025 - 08h15
Wandrieder op der Grenz, e verluerene Posten an en Tiger ouni Zänn, dat sinn d'Themen haut an der Presserevue
Editioun 7h15
17.10.2025 - 07h15
Wandrieder op der Grenz, e verluerene Posten an en Tiger ouni Zänn, dat sinn d'Themen haut an der Presserevue
Editioun 8h15
16.10.2025 - 08h15
Eng Regierung ënner Drock, Spekulatiounen ëm d'Gesondheetsministesch an d'Roll vun de Fraen an der Ofdreiwungsdiskussioun, dat sinn d'Themen haut an der Presserevue.
Editioun 7h15
16.10.2025 - 07h15
Editioun 8h15
15.10.2025 - 08h15
Et gëtt Kritik un de geplangten Autobunn-Scanneren, déi d'Plackennummere späicheren an et gëtt weider Kritik um DP-Deputéierte Schockmel sengen antifeministeschen Äusserungen.
Editioun 7h15
15.10.2025 - 07h15
De fréiere grénge Minister François Bausch kritiséiert d'Ännerungen un der Streck vum séieren Tram an de Referendum zu Ierpeldeng iwwert d'Nordstadfusioun kënnt ëmmer méi no.
Editioun 8h15
14.10.2025 - 08h15
Den US-Friddensplang fir Gaza ass ënnerschriwwen, an den Zeitungen zweiwelen d'Editorialisten awer drun, datt et wierklech Fridden am Noen Oste wäert ginn
Editioun 7h15
14.10.2025 - 07h15
D'Causa Schockmel ass nach ëmmer en Theema an den Zeitungen: Et ass Rieds vun engem Promi-Fiasko, deen net nëmmen der DP mee der Politik am Allgemenge schuede géif.
Editioun 8h15
13.10.2025 - 08h15
De Budgets-Rapporter schwätzt iwwert de Budgets-Projet fir 2026 an et gëtt sech gefrot, ween no dem schlechte Resultat bei der Sonndesëmfro de Sënnebock vun der CSV gëtt.
Editioun 7h15
13.10.2025 - 07h15
De Referendum zu Leideleng, wou sech géint en Tempo-30 Limitt ausgeschwat gouf, gëtt an der Press bedauert, d'Iddi vum Referendum gëtt awer begréisst.
De Bléck an d'Zeitungen
11.10.2025 - 08h15
Breeden Thememix haut an den Zeitungen: et geet ëm Fussball, d' Finanzplaz a Botzlompen.
Editioun 8h15
10.10.2025 - 08h15
Onkloer Resilienzstrategie, eng Bréck iwwer d'Neiduerf a relax an der Fotellsdemokratie, dat sinn d'Themen haut an der Presserevue.
Editioun 7h15
10.10.2025 - 07h15
Onkloer Resilienzstrategie, eng Bréck iwwer d'Neiduerf a relax an der Fotellsdemokratie, dat sinn d'Themen haut an der Presserevue.
Editioun 8h15
09.10.2025 - 08h15
Veggie-Burger, Finanzakrobatik an Fussballstrategien, dat sinn d'Themen haut an der Presserevue
Editioun 7h15
09.10.2025 - 07h15
D'Enn vum Veggieburger, ee Plädoyer fir d'Null-Bock Generatioun an den rsatz fir den Danel Sinani, dat sinn d'Themen haut an der Presserevue.
«
19
20
21
22
23
»