Radioen

On air

De gemittleche Moien  |  Pjotr Iljitsch Tschaikowski - Schwanensee Suite, Op. 20a, IV. Szene und zweiter Tanz der Schwanenkönigin - Wiener Philharmoniker, Herbert von Karajan (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Atomkraaftwierk vu Schaporischschja am "Kalzoustand"

Ukrain

Atomkraaftwierk vu Schaporischschja am "Kalzoustand"

Beim Atomkraaftwierk vu Schaporischschja an der Ukrain gouf elo de läscht Reaktor erofgefuer. Domat sinn elo déi 6 Reaktere vum gréissten ukraineschen Atomkraaftwierk am sougenannte "Kalzoustand“.

auto_stories

1 min

Radioaktivitéit wier bei deem Prozess net ausgetrueden, hunn déi russesch Besatzungstruppe matgedeelt. Déi Decisioun gouf geholl, wéinst den intensive Kämpf an där Géigend.

 

De Kalzosutand gëllt als sécher. D‘Reaktere sinn op nidderegen Drock erofgefuer a gi mat kalem Waasser gekillt.