Radioen

On air

Notturno  |  Felix Mendelssohn Bartholdy - Pianos Trio an Do Mineur, Op. 66, II. Andante espressivo - Trio Adorno

play_arrow Live
opus

/ USA geheie Russland Asaz vu Chemiewaff an der Ukrain vir

Krich an der Ukrain

USA geheie Russland Asaz vu Chemiewaff an der Ukrain vir

Verstéisst Russland an der Ukrain géint den Accord iwwert de Verbuet vu chemesche Waffen? D’USA geheie Moskau dat op alle Fall vir. Washington no sollen d’Russen nämlech am Krich an der Ukrain op de chemesche Kampfstoff Chlorpikrin zréckgräifen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Bigstock / SERSOL

Den amerikaneschen Ausseministère huet hënt erkläert, den Asaz vun där Chemikalie duerch Russland wär keen isoléierte Virfall. Russland wéilt domat ukrainesch Unitéiten aus befestegte Positiounen erauskréien an taktesch Fortschrëtter am Krich erreechen.

Chlorpikrin war Mëtt vum 19. Joerhonnert vun engem brittesche Chemiker entdeckt an am 1. Weltkrich eng éischt Kéier vun den Däitschen agesat ginn. D‘Anootme vum Stoff soll e Gesondheetsrisiko duerstellen.

„Permanent Mëssuechtung vun Obligatiounen“

Fir den US-Ausseministère verfollegt Moskau mat der, “permanenter Mëssuechtung vu sengen Obligatiounen am Kader vum Accord iwwert de Verbuet vu chemesche Waffen” déi selwecht Ziler wéi duerch Vergëftungsoperatioune wéi zum Beispill géint den Alexej Nawalny mat Nervegëft vum Typ Nowitschok.

Den Oppositionelle war jo d’Affer vu sou enger Vergëftung ginn, éier hie Mëtt Februar ënner nach ëmmer onbekannten Ëmstänn an engem russesche Prisong gestuerwen ass.

USA annoncéiert weider Sanktiounen

Russland huet wësse gelooss, keng militäresch Chemiewaffe méi ze hunn. D’Land ass awer internationalem Drock ausgesat, fir méi Transparenz ze schafen, wat d’Virwërf ugeet, nawell sou Waffen anzesetzen.

D’USA hu virum Hannergrond vun den neien Informatioune weider Sanktiounen dekretéiert; dovu betraff sinn, nieft russesche Firmaen, ënner anerem Entreprisen aus China an Hongkong, awer och aus den EU-Memberlänner Belsch an der Slowakei.

Lauschterenplay_arrow

Russland weist Reproche vu sech

Russland huet d‘Reprochen aus den USA vu sech gewisen, no deenen d‘Russe chemesch Waffen an der Ukrain géifen asetzen. Déi Virwërf wieren net fondéiert, huet de Kreml kuerz viru Mëtteg wësse gedoen. 

 

Aktualitéit
International
Krich an der Ukrain