Radioen

On air

De gemittleche Moien  |  David Ianni - Rain of Roses - David Ianni (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Um Joresdag vun Tschernobyl warnt de Selenskyj virun de Risiken zu Saporischschja

Ukrain

Um Joresdag vun Tschernobyl warnt de Selenskyj virun de Risiken zu Saporischschja

Um 38. Joresdag vun der Nuklearkatastroph vun Tschernobyl huet den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj virun den nukleare Risiken zu Saporischschja gewarnt. Déi ukrainesch Atomzentral gëtt zënter iwwer zwee Joer vun de russeschen Truppe besat.

auto_stories

1 min

Foto: Office of the President of Ukrain

Déi ganz Welt misst dru schaffen, datt déi Zentral nees ënner ukrainesch Kontroll kënnt, sou de Selenskyj. Si hat bis dohinner 20 Prozent vum ukrainesche Stroumbedarf gedeckt.

D‘Zentral zu Tschernobyl war de 26. Abrëll 1986 explodéiert. Ee groussen Deel vun Europa gouf vun enger radioaktiver Wollek getraff.