Radioen

On air

Notturno  |  Felix Mendelssohn Bartholdy - Pianos Trio an Do Mineur, Op. 66, IV. Finale. Allegro appassionato - Trio Adorno

play_arrow Live
opus

/ 61 Milliarden Dollar: US-Representantenhaus stëmmt fir militäresch Hëllef fir d'Ukrain

USA

61 Milliarden Dollar: US-Representantenhaus stëmmt fir militäresch Hëllef fir d'Ukrain

Am US-Representantenhaus gouf hënt eiser Zäit eng weider Hëllef an Héicht vun 61 Milliarden Dollar fir d’Ukrain gestëmmt. D’Republikaner waren an deem Dossier laang gespléckt. Ënnert anerem ware Sympathisante vum Donald Trump géint eng weider Finanz a Militärhëllef fir d’Ukrain.

auto_stories

1 min

©  Bigstock / Angelov
Foto: Bigstock / Angelov

Den Ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet den USA Merci gesot, fir déi Hëllef mat där säi Land kéint Munitioun opkafen, mam Zil sech géint Russland duerchzesetzen. Hie sot dee Vott géif Dausende Liewe retten.

NATO begréisst Finanzpak

Den Ukrainesche Verdeedegungsminister Rustem Umerow huet op X geschriwwen datt déi ganz Welt op dee Vott gewaart hat. Den US-Amerikanesche President Joe Biden huet dee Vott och kloer begréisst. Zanter Méint gouf mat de Republikaner driwwer verhandelt.

Och d’NATO begréisst dee Finanzpak fir d’Ukrain. Fir den NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg ass dëst eng Investitioun an d’Sécherheet vun de Staaten

Déi Däitsch Ausseministerin Annalena Baerbock huet vun engem Dag voller Zouversiicht fir d’Ukrain a fir d’Sécherheet vun Europa geschriwwen,

Moskau dogéint huet dee Vott kritiséiert.

Hëllefe fir Israel an Taiwan

Nieft der Hëllef un d’Ukrain huet den US-Kongress awer och een Hëllefspak fir Israel a fir Taiwan guttgeheescht.

Israel krut 26 Milliarden Dollar zougesprach. Mee den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu kritiséiert, datt d’USA, hire gréissten Alliéierten, kéint Sanktioune mat ënnerstëtzen, géint den Asaz vun engem ëmstriddenen israeelesche Batailloun.