Radioen

On air

Notturno  |  Felix Mendelssohn Bartholdy - Pianos Trio an Do Mineur, Op. 66, II. Andante espressivo - Trio Adorno

play_arrow Live
opus

/ Däitsche Kanzler wëllt mam chineesesche President iwwer Fridden an der Ukrain schwätzen

Am Kader vu senger Visitt

Däitsche Kanzler wëllt mam chineesesche President iwwer Fridden an der Ukrain schwätzen

Den däitsche Kanzler Olaf Scholz wëll mam chineesesche President Xi Jinping iwwert „e gerechte Fridden“ an der Ukrain schwätzen. Dat sot den däitsche Regierungschef virun engem geplangten Treffen haut zu Peking mam chineesesche Staatschef. Et ass déi lescht Etapp vum Olaf Scholz senger Visitt a China.

auto_stories

1 min

Xi Jinping | © picture alliance/dpa | Michael Kappeler
Foto: picture alliance/dpa | Michael Kappeler

De chineesesche President huet de russeschen Agressiounskrich géint d‘Ukrain bis elo nach ni explizitt verurteelt. China a Russland fleege weider hir wirtschaftlech Relatiounen an hu rezent annoncéiert, hir Kollaboratiounen um ekonomeschen a politesche Plang nach verstäerken ze wëllen.