Radioen

On air

De gemittleche Moien  |  Dmitri Schostakowitsch - Concerto fir Piano Nr.2 a Fa Majeur, Op. 102, I. Allegro - Sabine Weyer (Piano), Nordwestdeutsche Philharmonie, Erich Polz (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Däitsche Vizekanzler Robert Habeck op Visitt zu Kiew

Ukrain

Däitsche Vizekanzler Robert Habeck op Visitt zu Kiew

Den däitsche Vizekanzler Robert Habeck ass haut op Visitt an der ukrainescher Haaptstad Kiew. Am Mëttelpunkt stinn déi rezent russesch Attacken op d'Energieinfrastruktur, d‘Stäerkung vun der ukrainescher Wirtschaft an d‘Wirtschaftsrelatioune mat Däitschland.

auto_stories

1 min

Foto: picture-alliance

Bei enger russescher Attack op Tschernihiw am Norde vun der Ukrain koume gëschter 18 Mënschen ëm d‘Liewen. Dat geet aus engem neie Bilan ervir, deen de President Wolodymyr Selenskyj haut publizéiert huet. Hien huet op en Neits dem Weste virgehäit, net genuch Hëllef ze leeschten.