D’Jenny Lind ass eng vun de bekanntste Sängerinnen aus dem 19. Joerhonnert. Déi schweedesch Sopranistin huet vill Mënsche verzaubert, an dat net nëmme mat hirer Stëmm. Hire Manager, de P. T. Barnum, dee si an Amerika agelueden huet fir grouss Karriär ze maachen, huet eemol gesot, datt d’Jenny Lind och bewonnert géif ginn, wa si wéi eng Kréi géif sangen. An Amerika krut d’Sängerin dann eng Zort Kultstatus, wéi kee Museker virdrun. De Joachim Fontaine erzielt méi iwwer d’Jenny Lind an hire Manager - zwou ganz verschidde Perséinlechkeeten.
arrow_back_ios
Die musikalische Hintertreppe
Eng schweedesch Sängerin an Amerika
headphones
8 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentéiert vum
- Joachim Fontaine