Seng Fra huet hien ëm 50 Joer iwwerlieft: D’Constanze bleift domat hirem Numm trei a bleift standhaft, respektiv konstant. Si packt et fir hir Kanner ze suergen, si bezilt déi vill Scholden a gëtt als “Witwe Mozart” de Mëttelpunkt vum Wiener Museksliewen. Gläichzäiteg suergt si dofir, datt dem Mozart seng Musek ronn 20 Joer no sengem Doud zum Bestseller gëtt. Kengem Komponist seng Noute ginn an den 1820er, 1830er Joren esou dacks gedréckt wéi seng. D’Constanze këmmert sech och ëm eng monumental Biographie a suergt dofir, datt zu Salzburg de Mozart-Kult esou faarweg blitt wéi soss néierens.
arrow_back_ios
Die musikalische Hintertreppe
Mysterium Mozart
headphones
8 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentéiert vum
- Joachim Fontaine