An eegener Saach

100,7 mat esou vill Nolauschterer an Nolauschterinne wéi nach ni a senger Geschicht

Dëse Radio gëtt all Dag vu 37.000 Leit hei am Land gelauschtert. Dat si 6,5 Prozent vun den Awunner:innen, esou déi nei TRAIL-Etüd vun IP Lëtzebuerg. Knapp 20 Prozent vun den Awunner:inne ginn un, op d’mannst eng Kéier de Mount den 100,7 ze lauschteren.

auto_stories

1 min

© Radio 100,7
(Foto: Radio 100,7)

Bei de Lëtzebuerger:inne kënnt dese Radio op de Wochendeeg op eng Ecoute vu ronn 10 Prozent.

Op éischter Plaz bei de Radioe läit RTL Lëtzebuerg mat ronn 29 Prozent vun den Awunner:innen, déi all Dag lauschteren. Eldoradio kënnt bei der Dagesécoute op ronn 16 Prozent, L’essentiel Radio op 11 Prozent, a Radio Latina op ronn 3 Prozent. 

Fir d’Etüd goufen eng 5.700 Sondagë gemaach, vu Februar bis Juni 2025 a vun Oktober 2025 bis Februar 2026.