Pop-Up-Radio

D'Keess Radio

auto_stories

1 min

Vum 29. Juli bis den 20. August leeft de Projet “D'Keess Radio”. Dat ass e Pop-Up-Radio, deen all Dag tëschent 20:30 an 23:30 Auer DJ-Setten diffuséiert. Den improviséierte Studio ass an engem klengen, blechenen Haischen installéiert, dat normalerweis benotzt gëtt fir Autoen ze zielen. Iwwer de Summer steet dës “Keess” am Haff vun de Rotonden.

D’Programmatioun gëtt assuréiert vum DJ Kollektiv LusterClub, d’technesch Ënnerstëtzung fir d’Ëmsetzung mécht den 100,7. Live lauschteren (a kucken) kann een d’DJ-Setten iwwer https://www.mixcloud.com/live/KeessRadio/