115 Auteuren an Autorinnen dréien dem franséischen Editiounshaus Grasset de Réck
Et ass en Äerdbiewen an der franséischer Editioun, schreift d'AFP de Moien. Déi 115 Auteuren an Autorinnen, déi bei Grasset publizéiert hunn, hu gëschter Owend annoncéiert, dem Editiounshaus de Réck ze dréien aus Protest géint de Licenciement dës Woch vum PDG Olivier Nora.
Vincent Bolloré (Foto: EPA/CHRISTOPHE PETIT TESSON)
D‘Auteuren an d'Autorinne schwätze vun enger inakzeptabeler Attack op d'Onofhängegkeet vun der Editioun.
D‘Auteure weise mam Fanger op de konservative Milliardär Vincent Bolloré, deen zënter 2023 de Groupe Hachette dirigéiert. D‘Editiounshaus Grasset gehéiert zu deem Grupp.