Am Milieu gëtt mëttlerweil scho vun der "Trumpiséierung" vum franséische Verlagswiese geschwat. Dat virop, well den Haaptaktionär Vincent Bolloré, ee Milliardär, ee groussen Impakt op dat franséischt Verlagswiesen huet. Him gehéieren, nieft Editions Grasst, nach weider Verlagshaiser, dorënner och Hachette oder Fayard.
Ënner anerem dem fréiere franséische President Nicolas Sarkozy säi Buch "Le journal d'un prisonnier" gouf vum Editeur Fayard erausbruecht.
Ënner deenen 115 Auteuren an Autorinnen, déi elo de Verlag Grasset verlooss hunn, si ganz bekannt Nimm. Dorënner d'Virgine Despentes oder nach de Georges de Challant.
Wat bedeit dat elo fir dat franséischt Verlagswiesen?
Doriwwer huet de Maurice Molitor mam Jeff Schinker geschwat.