Marokko

15,8 Millioune Wieler:inne sinn a Marokko opgeruff een neit Parlament ze wielen

Eng 7.300 Kandidaten a Kandidatinnen hu sech fir déi am Ganzen 395 Sëtz am Parlament der Wal gestallt. Ronn 2.700 dovu si Fraen. D'Parlament a Marokko decidéiert Gesetzer, d'Muecht läit awer gréisstendeels beim Kinnek Mohammed VI a sengem Entourage.

auto_stories

1 min

© EPA/JALAL MORCHIDI
(Foto: EPA/JALAL MORCHIDI)

Et deit sech un, datt wéineg Leit a Marokko iwwerhaapt wäerte wiele goen. Déi ganz Walcampagne ass an dësem Walkampf och méi diskret ofgelaf. Den Undrang fir de Walbüroen huet sech de Moie wuel nach a Grenze gehalen. 

Chômage, Bildung an d'WM 

Virun allem bei jonke Leit ass den Desinteresse un der Politik grouss. Een Drëttel vun de jonke Leit huet keng Aarbecht. Vill Jonker aus Marokko, déi versicht haten an déi spuenesch Exklav Ceuta eriwwerzegoen, haten deemools erkläert, si géife fir sech wéineg Zukunft a Marokko gesinn. 

D'Aarbechtslosegkeet, grad ewéi Bildung a Gesondheet waren d'Sujeten déi dës Walen dominéiert hunn. Och d'Männer-Fussball-Weltmeeschterschaft, déi 2030 a Marokko stattfanne soll, stoung am Fokus.

Déi aktuell Regierung wëllt nämlech grouss Investitiounen an den Tourismus, de Verkéier a soss ëffentlech Infrastrukture maachen, fir d'Land fir de Massenundrang wärend der nächster WM ze rüsten. 

Déi éischt Resultater gi sech muer um Donneschdeg erwaart.