D’Rees bis dohin dauert bal méi laang, ewéi dee ganzen Openthalt: Et geet mam Fliger, Auto an Zuch ronn 20 Stonne laang vu Lëtzebuerg bis op Kiew.
Am Militärfliger Airbus A 400M verdeelt de Xavier Bettel, ganz a sengem Element, als éischt mol Ouerestëpp. Déi brauch een och nach dono.

Bettel: Éischte But ass, ze soen, datt mir d’Ukrain net vergiessen
Vu Przemsyl Glowny a Polen, eng 15 Kilometer vun der ukrainesch Grenz ewech, geet an am Wagon-lit iwwer d'Nuecht ronn 11 Stonne laang direkt bis op Kiew, an do ass den Zuch nawell ze héieren.
Den Ausseminister verréit eis kuerz nom Depart säi perséinlecht Zil vun dëser Expeditioun, bei där och eelef Vertrieder:innen vun der Lëtzebuerger Press derbäi sinn.
“De But ass et, den Ukrainer wierklech ze soen, mir haten iech net vergiess, mir vergiessen iech net a mir wäerten iech och net vergiessen.”
D’Verdeedegungsministerin hat déi nämmlecht Rees eréischt virun engem Mount gemaach.

Backes: All Euro fir déi ukrainesch Defense ass ee fir déi europäesch Sécherheet
Si wëll elo weider mat der ukrainescher Säit iwwer d’Militärhëllef schwätzen, well déi ass, esou d’Yuriko Backes, och am Lëtzebuerger Interêt.
An dat net nëmmen en vue vum NATO-Zil, op d'mannst zwee Prozent vum Revenu National Brut an d’Defense ze stiechen.
“All Invest an d’Defense vun der Ukrain ass och een Invest an d’Defense vun Europa.”

Politesch wier de Moment gutt gewielt, seet och nach de Xavier Bettel. Hien erhofft sech, Detailer vum ukrainesche President iwwer deem säi Gespréich zu Roum mam amerikanesche President Donald Trump ze kréien.
Spidolschef: “Mir hu kee Choix”
Éischt Etapp ass awer nach net de Wolodymyr Selenskyj, mee direkt een anere ganz emotionale Moment. D’Kannerklinik Okhmadyt läit am Zentrum vu Kiew a gouf den 8. Juli zejoert vu Rakéite getraff. Zwee Leit koumen ëm d’Liewen an et gouf vill Blesséierter. Grouss Deeler vun de Gebaier goufen zerstéiert oder staark beschiedegt.
“Mir waren am gaang ze operéieren”, seet de Chefchirurg, deen d’Lëtzebuerger Delegatioun empfänkt. Hie weist dono ee Video mat Handyopnamen aus dem Operatiounssall, opgeholl just no der Explosioun. Et gouf virun operéiert, esou den Iliya Yemets, deen seng Tréine bei deem Ubléck vun deenen dramatesche Seenen och iwwer ee Joer dono net zeréckhale kann.
“Mir hu kee Choix mir musse virufueren”, preziséiert iwwerdeems de Sezhii Cheznyshuk. Den Directeur médical koordinéiert den Neesopbau, deen op vollen Toure leeft. Nom Incident hätt keen aus dem Personal decidéiert, ze goen. “Jiddereen ass midd, ma mir ginn net op.”

Anastasia (17 Joer): “Op seng eege Manéier géint de Krich kämpfen”
Eng vun den déidlechsten Attacken op Kiew just eng Woch hir. De Bilan vun Doudegen ass mëttlerweil op 13 geklomm - nom Asaz vun iwwer 70 russesche Missillen an iwwer 100 Dronen.
Op der Plaz - matten an engem Wunnquartier - leie Stécker vun Haiser um Buedem. Villes gouf schonn ewech geraumt. Um Buedem sti Fotoe vun den Affer mat Käerzen an ukrainesche Fändelen an eng ganz Partie Jonker vu Kiew, déi komm sinn, fir ze hëllefen.
buedem planen

“Mir waren direkt vum éischten Dag un hei”, soen d’Yeva (16 Joer) an d’Anastasia (17 Joer). Si géifen hei “just hir Aarbecht maachen”, erzielen si der Press.
"Mir maache wat mir kënnen. Jidderee muss op seng eege Manéier géint dëse Krich kämpfen.”
Am däitlechste visualiséiert sinn déi déidlech Ausmoosse vum Krich op der sou genannter “Wall of remembrance” am Stadkär, wou op iwwer 100 Meter Fotoe vun Zaldoten hänken, déi am Krich gefall sinn.
Eng Fra - schwaarz ugedoen - steet virun der Foto vun hirem Jong, deen 2022 am Krich gefall ass. De Xavier Bettel léisst sech d’Geschicht vun hirem Bouf, dee Jurist war, erzielen a ka seng Tréinen net zeréckhalen.

Lëtzebuerg erhéicht seng Hëllef ëm 21 Milliounen Euro
Net wäit ewech vun där Mauer geet d’Liewen zu Kiew zimmlech normal virun. Op d'mannst gesäit et vu baussen esou aus. Wann ee vun der massiver Militärpräsenz a Stroossespären ofgesäit.
“Mir hunn Explosiounen, Alerte bal all Dag héieren. Natierlech mécht dat engem Angscht, ma ech schlofen, ech ginn net an den Abris. Wat well ee maachen, wann dat esou dacks geschitt? Et ass ebe wéi eng Lotterie.”
Dat erkläert de Volodymir Kramar. Hie kennt de Grand Duché, well hien 2014 als Fussballreporter de Match Lëtzebuerg géint d'Ukrain couvréiert huet. Elo hëlleft de Journalist auslännesche Kolleegen, déi zu Kiew iwwer de Krich berichten.
Déi sinn haut genee ewéi eng ganz Partie lokal Journalisten op der Pressekonferenz, op déi den ukraineschen Ausseminister Andrii Sibya mat senge Lëtzebuerger Gäscht invitéiert huet.
D’Ministere Bettel a Backes koumen net mat eidelen Hänn. Si annoncéieren 20 weider Milliounen Hëllef fir d’Ukrain. D’Sue ginn zur Hallschent an d’Militär gestach.
Wou genee, ass nach net gewosst, erkläert d’Arméisministerin an engem Interview op der Maidan Platz, wou d’Delegatioun eng ganz kuerz Paus aleet.
“Mir kruten elo keng konkret Demande matgedeelt. Ma mir sinn am permanente Kontakt. Dat heescht, mir wëssen, wat si brauchen. A mir probéieren eebe genee dat ze liwweren.”
Bettel a Backes beim Selenskyj: “Mir bewonneren seng Resilienz”
Fir d’Yuriko Backes an de Xavier Bettel steet nom Rendez-vous mat der ukrainescher Press den Héichpunkt vun hirem kuerze Besuch zu Kiew um Ordre du Jour.
Iergendwou am Regierungsquartier empfänkt de Wolodymyr Selenskyj seng Visiteuren, ouni d’Press, op enger Plaz, déi geheim gehale gëtt.
Fir béid Lëtzebuerger Ministeren ass et net déi éischt Renconter mam ukrainesche President, mee si sinn dono impressionéiert. Och d'Yuriko Backes.
“E ganz waarme Mënsch, e witzege Mënsch, seriö an determinéiert fir säi Land duerch dat Schlëmmst ze féieren, wat mir jo wierklech gesinn hunn an deene leschte Joren.”
De Xavier Bettel zitt dann och ee positive Bilan vun dëser Rees.
“Déi Echoen, déi mir kritt hunn, maache Freed. Wa si soen, datt et wichteg wier, datt si eis gesinn, datt mir si motivéieren, wann ee bedenkt, wat si erliewen, datt duerch eng Lëtzebuerger Presenz vun der Mme Backes a vu mir gesot gëtt, mir hätten hinne Motivatioun ginn, Mutt gemaach, fir weiderzemaachen, dat mécht Freed.”

Neie Rendez-vous an der Ukrain?
Den DP-Politiker huet wëlles, scho geschwënn erëm ze kommen an d’Ukrain. Fir genee ze sinn déi nächst Woch, méiglecherweis zesumme mat enger ganzer Partie vun den EU-Ausseministeren. De Wolodymyr Selenskyj huet fir den 9. Mee an d’Ukrain invitéiert, fir der Parade vum russesche President Wladimir Putin op deem Dag eppes entgéint ze setzen.
“Ech hunn versprach, all meng Pläng op dësem Dag ze ännere fir mäi Support fir d’Ukrain ze weisen”, esou de Xavier Bettel op der Pressekonferenz zu Kiew.
Weider Hannergrënn zur Rees huet d’Danièle Weber dem Maurice Molitor am 100,7-Moiesstudio verzielt.