Radioen

On air

De barocke Moien  |  

play_arrow Live
opus

/ Eventuelle Waffestëllstand an der Ukrain: USA maachen Drock op Moskau a Kiew

Treffen zu London

Eventuelle Waffestëllstand an der Ukrain: USA maachen Drock op Moskau a Kiew

Washington mécht Drock op Russland an d‘Ukrain: Béid Länner misste sech iwwer een Accord fir ee Waffestëllstand eens ginn, soss géifen d‘USA sech aus dem Friddensprozess zeréckzéien. Dat sot den US-Vizepresident JD Vance virun der Press. Senger Meenung no misste Kiew a Moskau alle béid een Deel vun deem Territoire, dee si haut besëtzen, un dee jeeweils aneren oftrieden.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Sven Hoppe
(Foto: picture alliance/dpa | Sven Hoppe)

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet dat rezent ausgeschloss.

Dem JD Vance seng Aussoe komme virum Hannergrond vun Diskussiounen haut um Mëttwoch tëschent US-Amerikaner, Ukrainer an Europäer zu London, fir eng Lésiung am Konflikt ze fannen. Diskussiounen, déi anescht wéi geplangt ouni den US-Ausseminister Marco Rubio, oflafen. Offiziell aus logistesche Grënn.

Experte géife seng Absence awer als Drockmëttel op Kiew deiten. An d‘Erwaardungen, fir séier an de Verhandlunge virunzekommen, wiere gedämpft, heescht et.