Israel

2 Deeg no der Wal ass net kloer, wéi déi nächst israeelesch Regierung wäert ausgesinn

Nodeems 90 Prozent vun de Stëmmen ausgezielt goufen, kënnt weder d’Regierungslager vum aktuelle Premier Benjamin Netanjahu, nach den Oppositiounsblock op eng kloer Majoritéit. Eng Analys driwwer, wéi et kéint weidergoen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© EPA/ABIR SULTAN play_arrow
(Foto: EPA/ABIR SULTAN)

No de Walen an Israel geet et kee klore Gewënner. Stäerkste Kraaft bleift dem Benjamin Netanjahu seng Partei Likud mat 26 vun 120 Setz am israeelesche Parlament, der Knesset.

Mee zesumme mat senge rietsextreemen an ultraorthodoxe Regierungspartner kënnt hie just op 53 vun 120 Setz. Aacht Sëtz ze mann fir eng Majoritéit - sou dat virleefegt Resultat.

Arabesch Parteie kéinten decisiv Roll spillen

Den Oppositiounsblock vum fréieren Arméischef Gadi Eisenkot kréich, dem aktuelle Resultat no, nach manner Sëtzer: 48 vun 120. Tëschent béide Bléck gëtt et en drëtte Block, deen zu kengem Lager gehéiert, an an dëser Wal kräfteg bäigewonnen huet: De Block vun den arabesche Parteien. Si kommen op 19 vun 120 Mandater.

Déi arabesch Parteie kéinte fir déi nächst Regierung eng decisiv Roll spillen, well d’Oppositioun theoretesch mat hinnen op eng Majoritéit kënnt. Déi arabesch Parteie wieren och bereet dofir, sot de Vize-Chef vun enge vun deene Parteien, den Ahmad Tibi. 

"Den Netanjahu ka keng Regierung forméieren. Déi aner Säit kéint, wa se wëllt, wa se de Courage dofir huet."

Neiwalen uganks 2027 méiglech

Zwee vu véier Parteicheffen aus der Oppositioun hunn awer schonn ausgeschloss, mat Hëllef vun arabesche Parteie regéieren ze wëllen. 

Déi aner Optioun wier eng Zort Unitéitsregierung an där déi zwee Bléck, dee vum Benjamin Netanjahu an dee vum Gadi Eisenkot, sech no zwee Joer ofwiessele géing. Eng Optioun, déi de Gadi Eisenkot awer scho refuséiert huet.

Sollt ee sech net iwwer eng Koalitioun eens ginn, kéint schonn uganks 2027 nei gewielt ginn.

Lauschterenplay_arrow