Dem Netanjahu seng Partei Likud ass zwar an den Ëmfroen ëmmer nach déi zweetstäerkst Kraaft, mee zesumme mat senge Koalitiounspartner kënnt hie just op 50 vun 120 Sëtz, esou déi lescht Ëmfro vun e Freideg.
Fridden net den Haaptsujet vum Walkampf
Mee och fir d’Oppositiounsparteien ass d’Bild net eendeiteg: An den Ëmfroe leie si zwar vir, mee och si verfeele mat 56 vun 120 Sëtz d’Majoritéit. D’Formatioun vun enger neier Regierung kéint also schwiereg ginn – och well béid Säiten eng Koalitioun mat den arabesche Parteie gréisstendeels ausschléissen.
Déi arabesch Parteie kommen der Ëmfro no op 14 vun 120 Setz.
Och no dräi Joer Krich war de Fridden an der Regioun net den Haaptsujet am Walkampf. D’Israeelie beschäftegen aner Froe méi, wéi d’Roll vun der Relioun am Alldag oder d’Roll vun der Justiz am Staat. Oder och Froe wéi, wéi vill de Benjamin Netanjahu virun der Attack vum 7. Oktober 2023 wosst.
Oppositioun wëllt och net aus Gaza fort
Wann et ëm den Ëmgank mat de Palästinenser geet, si sech d’Oppositioun an de Benjamin Netanjahu a ville Punkten eens: D’Westjordanland misst weider besat ginn, Israel sollt sech eréischt aus der Gazasträif zeréckzéien, wann d’Terrororganisatioun Hamas keng Waffe méi huet, an eng Zweestaateléisung misst ëm all Präis verhënnert ginn.
Wourunner si sech awer ënnerscheeden ass, datt d’Oppositioun méi haart géint gewalttäteg Siidler virgoe wëllt an de Siidlungsbau bei hinne keng Prioritéit ass.
Amplaz fuerdere si zum Beispill eng Enquête-Kommissioun, déi d’Sécherheetslacunne vum 7. Oktober ënnersiche sollt, a si fuerderen eng besser Integratioun vun ultra-orthodoxe Judden am Aarbechtsmarché an an der Arméi, well déi meescht sech aktuell virum obligatoresche Militärdéngscht drécken.
Neiwalen net ausgeschloss
Rietsextreem Siidler an ultra-orthodox Judde gehéieren zu deene Bevëlkerungsgruppen an Israel, déi wärend dem Benjamin Netanjahu senger Legislatur u Pouvoir zougeluecht hunn.
Déi éischt Héichrechnung op Basis vun Ëmfroe kënnt den Owend um 21:00 Auer eraus. Mat engem virleefege Resultat ass awer réischt muer de Moien ze rechnen.
Bis dohin dierft méi kloer sinn, ob d’Regierungskoalitioun oder d’Oppositioun genuch Deputéiert hu fir eng Majoritéit. Soulaang keng nei Regierung forméiert ass, bleift de Benjamin Netanjahu am Amt. An am Fall vu gescheiterte Koalitiounsverhandlunge sinn nees Neiwale méiglech.