Radioen

On air

Notturno  |  Vaughan Williams - Mass Dona Nobis Pacem - Tynan (S.), Williams (B.), Hill (T.), Gowers (Uergel), The Choir of king's College, Britten Sinfonia, Cleobury (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Iwwer 20.000 Leit op Demonstratioun zu Mallorca

Géint Massentourismus

Iwwer 20.000 Leit op Demonstratioun zu Mallorca

Op der spuenescher Vakanzeninsel Mallorca gouf et nees eng grouss Demonstratioun géint de Massentourismus. Op d‘mannst 20.000 Leit hunn der Police no zu Palma de Mallorca protestéiert.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Clara Margais
(Foto: picture alliance/dpa | Clara Margais)

Fuerderung ass ënner anerem déi, datt d‘Zuel vun Touristen, déi op d‘Insel kommen, misst limitéiert ginn. Déi ëffentlech Servicer wire komplett iwwerlaascht, d‘Ëmwelt géif um Tourismus leiden an vill Leit, déi do liewen, géife kéng Wunnenge méi fannen oder kéinte sech kéng méi leeschten. Zejoert si bal 18 Millioune Visiteuren op Mallorca komm, dat war e neie Rekord. Fir dëst Joer gi nach méi Touristen erwaart.