Radioen

On air

Notturno  |  Mario Castlnuovo-Tedesco - Concertino fir Harf a Kammerorchester, Op. 93 - Naoko Yoshino (Harf), Orchestre d'Auvergne, Roberto Forés Veses (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Tour de France 2025: Mam Mont-Ventoux an ouni Tëschestopp am Ausland

Parcours gouf presentéiert

Tour de France 2025: Mam Mont-Ventoux an ouni Tëschestopp am Ausland

Zu Paräis ass um Dënschdegmëtten den Tour de France vum nächstem Joer presentéiert ginn. Et ass fir déi éischte Kéier zënter 5 Joer rëm een honnertprozenteg franséischen Tour. No u Lëtzebuerg kënnt de Pleton awer och net laanscht.

auto_stories

2 min

© Gil Avérous
Foto: Gil Avérous (X)

D'Grande-Boucle geet also guer net an d‘Ausland, mee bleift integral a Frankräich. Den Depart ass samschdes, de 5. Juli, zu Lille. D‘Arrivée ass 3 Wochen drop, de 17. Juli, zu Paräis op de Champs-Elysées.

Um Programm steet de Mont Ventoux an de Col de la Loze.

Den Tour de France vun de Frae geet de 26. Juli zu Vannes fort a kënnt no 9 Etappen den 3. August an der Schistatioun Châtel an der Haute-Savoie un.