Migratioun

"À qui profite le crime" freet sech déi gréng EU-Deputéiert Tilly Metz no Ceuta

D'Biller sinn uechter d'Welt gaangen. Dausende Mënschen hu bannent just e puer Stonne versicht iwwer de Miereswee vu Marokko an déi spuenesch Exklav Ceuta ze kommen. Dat huet op europäeschem Niveau erëm eng Debatt iwwer d'Asylpolitik an de Schutz vun de Baussegrenzen opkomme gelooss.

auto_stories

2 min

Tilly Metz  | © Ana Angel
Tilly Metz (Foto: Ana Angel)

Gëschter waren d'EU-Inneministere per Videokonferenz zesumme fir iwwer d'Situatioun ze beroden. Den Inneminister Léon Gloden huet no der Reunioun fonnt, de Schengenraum dierft net als Geisel genotzt ginn, wann et ee Problem mat Immigratioun gëtt. Schonn de Premier Luc Frieden hat sech séier zesumme mat Frankräich, Portugal an Irland hanner Spuenie gestallt. 

Déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz weist sech am 100,7-Interview schockéiert. Op d'mannst 75 Mënschen, dorënner och Mannerjäreger, si beim Versuch ëmkomm. 

"An natierlech, wéi dat ausgenotzt ginn ass, instrumentaliséiert ginn ass vun extreem rietse Politiker:innen, dat huet mech och schockéiert." 

Wéi konnt et esouwäit kommen? 

Fir d'Tilly Metz ass där Massebeweegung eng kloer Desinformatiounswell virausgaangen. An de Soziale Medie wiere Falschinformatiounen zirkuléiert, ënner anerem wat d'Regulariséierungswell a Spuenien ugeet. Mee och een Urteel vum spueneschen ieweschte Geriicht, dat beseet, datt Leit, déi iwwer de Miereswee kommen, net dierfen direkt zeréckgeschéckt ginn. 

De spuenesche Premier Pedro Sanchez wier "l'homme à battre". 

"Duerch seng Politik, déi eng méi sozial gerecht Politik ass." 

Hei wier et dorëm gaange Spuenien ze destabiliséieren, esou d'Tilly Metz. Wie genee derhannert stécht, weist si och net. Dat misst elo erfuerscht ginn. 

Frontex wier net d'Léisung

Iwwerdeems missten och d'Sozial Medien an d'Responsabilitéit geholl ginn, fënnt déi gréng Europadeputéiert. 

Et bréicht een och kloer Reegelen, wat d'EU-Baussegrenzen ugeet. Der ëmstriddener europäescher Agentur fir de Grenzschutz Frontex méi Muecht ginn, gesäit d'Tilly Metz kritesch. 

"Mir waren hei a Gewässer, déi net am Schengenraum sinn, déi net europäesch sinn, dat heescht a marokkanesche Gewässer. Wat géif ee maachen, do hu mir guer keng Muecht doriwwer."

Och misst ee besser mat Marokko zesummeschaffen, fënnt d'Tilly Metz. 

Lauschtert hei dee ganzen Interview mat der Europadeputéiert