Méi wéi 50.000 Mënsche ware leschte Freideg aus Marokko iwwer d‘Grenz op de spueneschen Territoire komm. Op d‘mannst 72 Leit koumen dobäi ëm d‘Liewen.
Oppene Bréif vun 22-EU-Memberstaaten
D‘Situatioun zu Ceuta suergt fir Spannungen an der EU. Haut sollen d‘EU-Ambassadeuren zu Bréissel doriwwer beroden a muer d‘EU-Inneministeren.
Italien huet de Schengenaccord temporär suspendéiert. An engem oppene Bréif un d‘EU-Kommissioun an d'Presidence hunn 22-EU-Memberstaate virun enger onkontrolléierter Migratioun gewarnt. Lëtzebuerg ass ënner de 5 Länner, déi dee Bréif net ënnerschriwwen hunn.