Radioen

On air

De barocke Moien  |  Georges Bizet - Carmen Suite, I. Les Toréadors - Orchestre de la Bastille, Myung-Whun Chung (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ ADRenalin wënscht sech eng Visitt vum Elon Musk an d'Chamber

Oppene Bréif un de Claude Wiseler

ADRenalin wënscht sech eng Visitt vum Elon Musk an d'Chamber

D'ADRenalin, d’Jugendorganisatioun vun der ADR, freet an engem oppene Bréif un de Chamberpresident Claude Wiseler, datt den Elon Musk soll an d’Parlament invitéiert ginn, fir do ze schwätzen.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Consolidated News Photos | Allison Robbert - Pool via CNP
Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Allison Robbert - Pool via CNP

Den Entrepreneur a Milliardär hätt ënner anerem “op der Plattform X pro-demokratesch a konstruktiv Beméiunge gewisen, déi fir Lëtzebuerg relevant an interessant kéinte sinn”, heescht et an deem Bréif.

Een Austausch mam Elon Musk géif et erlaben, wichteg Aspekter vun der Meenungsfräiheet an eiser Gesellschaft ze reflektéieren an ze stäerken, esou ADRenalin.

D’Ënnerstëtzung vum Elon Musk fir rietsextrem Parteie géif d’Demokratie a Gefor bréngen, seet dogéint den däitsche Kanzler Olaf Scholz. De Patron vun Tesla a SpaceX hat jo an der Lescht ënner anerem d’AfD an Däitschland ënnerstëtzt. D’EU huet hirersäits ugekënnegt, hir Enquête géint X, dem fréieren Twitter, ze verdéiwen. Dem Elon Musk gëtt vu Bréissel virgehäit, d’Algorithmen ze manipuléieren, fir rietsextrem Parteien an Europa ze ënnerstëtzen.