Wéi d'Stad Lëtzebuerg matdeelt si vun e Samschdegmoie bis e Sonndegmoie 06:00 Auer d'Spueren um Boulevard Grande-Duchesse Charlotte op der Héicht vun der Avenue du Dix Septembre reduzéiert. Op de betraffene Plaze wieren Deviatioune gezeechent, schreift d'Stad Lëtzebuerg.
Auswierkunge ginn et um Samschdeg och op de Busverkéier. Betraff sinn d'Linne 5 a 6 a Richtung Bartreng.
Vu Sonndegmoie 06:00 Auer bis Méindegmoie 05:00 Auer ass dann d'Avenue Monterey, d'Avenue du Dix Septembre an de Boulevard Grande-Duchesse Charlotte fir de ganzen Trafick gespaart.
Fir de Busverkéier e Sonndeg an e Méindeg heescht dat, datt folgend Linne perturbéiert sinn:
D'Linne 5 a 6 Richtung Bartreng,
d'Linn 8 a Richtung Lampertsbierg,
d'Linn 12 a Richtung Kierchbierg, awer och an d'Richtung Zéisseng,
d'Linn 15 a Richtung Hollerech,
d'Linn 16 a Richtung Flughafen,
an d'Linn 21 a Richtung Kierchbierg.
Vun e Méindeg de Moie 05:00 Auer misst de ganze Verkéier awer nees normal rullen.