Gesondheetswiesen

Aarmut, Migratioun a Santé: Croix Rouge zitt Bilan vun engem usprochsvolle Joer

D‘Joer 2025 wier ustrengend gewiescht a markéiert vun internationalen a geopolitesche Krisen. Dat hätt och d‘Lëtzebuerger Croix Rouge gespuert, esou den nach Direkter vun der Croix Rouge Michel Simonis bei der Presentatioun vum Joresrapport 2025. 

auto_stories

3 min

headphones

2 min

(v.l.n.r.) Véronique Schmit (Directrice ENF), Michel Simonis (Directeur Général), Mireille Neuen (Directrice AEF) | © Michelle Barthel play_arrow
(v.l.n.r.) Véronique Schmit (Directrice ENF), Michel Simonis (Directeur Général), Mireille Neuen (Directrice AEF) (Foto: Michelle Barthel)

D’Lëtzebuerger Croix Rouge beschäftegt ronn 1.500 Benevollen an iwwer 3.000 Salariéen. Zejoert haten iwwer 51.000 Leit zu Lëtzebuerg Kontakt mat der Croix Rouge.

Mat dobäi bei der Presentatioun vum Joresrapport war och dem Michel Simonis säin Nofollger, de  Marc Wagner, dee bis viru Kuerzem UEL-Direkter war. Hien huet dës Woch a senger Roll ugefaangen. Déi offiziell Passation des pouvoirs wäert am Oktober sinn.

Déi vill Krisen uechter d’Welt, hätten och een Impakt op  Lëtzebuerg, ënner anerem wéinst der Migratioun, dat war ee vun de Constaten déi de Michel Simonis bei der Presentatioun vum Rapport gemaach huet.

"Dir wësst, wann et international net einfach ass, da si ganz vill Leit, déi sech op de Wee maachen, zum Deel ënner ganz, ganz dramatesche Konditiounen, fir bei eis ze kommen. An dat huet dann natierlech och direkt en Impakt op déi Aarbecht, déi mer hei zu Lëtzebuerg maachen, notamment am Beräich vum Accueil vu Migranten, awer och am Beräich vu Leit, déi dann hei stranden an dann oft a ganz dramatesche soziale Situatiounen hei landen."

Wirtschaftlech schwiereg Lag trëfft virun allem déi Vulnerabel

Och zu Lëtzebuerg géif déi wirtschaftlech méi schwiereg Lag virun allem déi Leit treffen, déi schonn an enger vulnerabeler Situatioun sinn, betount de Michel Simonis.

Ee vu siwen Awunner (14,8 Prozent) zu Lëtzebuerg riskéiert an d’Aarmut ze falen a bei den ënner 18-Järegen ass et ee vu fënnef (22,2 Prozent). Dat weisen Zuele vum STATEC. Déi Haaptursaach dofir, wieren déi héich Logementspräisser hei am Land, esou nach de Michel Simonis.

Fir deem entgéint ze wierken hätt d’Croix Rouge seng Kapazitéiten ausgeweit. Dat virun allem fir Jugendlecher a jonk Erwuessener. Dorënner zum Beispill d’Schafe vun enger neier Struktur fir betreit Wunnen ze Uewerglabech. 

Gesondheetssystem zu Lëtzebuerg wier "komplizéiert"

Eng aner grouss Erausfuerderung fir d’Croix Rouge wier déi ugespaante Situatioun an engem -Zitat- "komplizéierte" Gesondheetssystem, esou de Michel Simonis. D’Croix Rouge wéilt dowéinst och Moyenen an d’Gesondheetswiese stiechen.

"Mer mussen notamment och kucken, datt mer zum Beispill e Spidolswiesen, wat awer staark ënner Drock steet, datt mer dat net nach weider belaaschte mat Leit, déi eigentlech guer net missten an d'Spidol goen, an datt mer dat kucken, datt mer an deenen ambulante Solutiounen, déi mir ubidden, datt mer deenen do kënnen ënner d'Äerm gräifen."

Mat hiren ambulante Strukturen, wéi zum Beispill dem Soins à domicile, wéilt een also och de Virage ambulatoire ënnerstëtzen.

Eng weider Prioritéit war och d’Realisatioun vum Nationalen Zenter fir Affer vu Gewalt (CNVV), deen zënterhier schonn iwwer 400 Affer betreit huet.

Hei fannt Dir dee kompletten "Croix-Rouge en chiffres 2025"

 

Lauschterenplay_arrow