Schätzungen no waren d’lescht Joer ronn 9 Millioune Leit an der EU vun enger Demenzerkrankung betraff. Zu Lëtzebuerg waren et der méi wéi 9.000. Déi Zuel nennt den Direkter vun der Abteilung Transversal Translational Medicine vum Fuerschungszenter LIH (Luxembourg Institute of Health) Rejko Krüger am 100,7-Interview. Hien ass Spezialist fir neurodegenerativ Krankheeten.
Zuel vun Demenzkranke kéint sech bis 2050 verduebelen
Domadder awer net genuch: Et gëtt erwaart, datt sech d’Zuel vun de Fäll bis 2050 verduebel kéint.
Ee Grond dofir gesäit de Rejko Krüger beim Duerchschnëttsalter vun der Populatioun, déi ëmmer méi al gëtt.
“Und allein dadurch, dass wir alle glücklicherweise älter werden, steigt das Risiko. Es gibt aber auch Hinweise, dass unser Lebensstil, der sich auch in den letzten Jahren geändert hat, dazu beitragen kann. Das heißt, wir sind weniger körperlich aktiv. Es kann auch sein, dass es Umweltfaktoren sind.”
Esou wier scho bewise ginn, datt beispillsweis d’Loftverschmotzung een Afloss op eis neurologesch Leeschtungen huet.
Unhand vun der Stëmm eng Demenzkrankheet fréi erkennen
Well een an Zukunft mat méi Fäll vun Demenzerkrankung rechne muss, misst och d’Preventioun verbessert ginn, betount de Spezialist. Mëttlerweil ginn et souguer KI-baséiert Stëmmerkennungs-Tools déi erkenne sollen, ob ee Mënsch un Demenz erkrankt ass oder net.
De Rejko Krüger fënnt déi nei Technologien “eng spannend Saach”. Effektiv kéint een eng méiglech Demenzerkrankung fréizäiteg unhand vun der Stëmm an der Aart a Weis, wéi ee sech ausdréckt, erkennen.
“Das hat natürlich auch den, was Sie vielleicht bei der Demenz auch schon verbinden, den kognitiven Aspekt, dass wir natürlich das überdenken, was wir ausdrücken wollen. (...) Das heisst, wir wissen, damit können wir tatsächlich Marker, Merkmale finden, die für eine Demenz hinweisend sind.”
Déi Method géing aktuell standardiséiert ginn, esou nach de Rejko Krüger. Da kéint ee vläit och besser erkennen, wéi d’Krankheet sech entwéckelt.
Lëtzebuerg gutt opgestallt wat d'Preventioun ugeet
Hien als Expert géing dës Method da verstäerkt asetzen, mee hei wéilt sech net just dorop baséieren, erkläert de Rejko Krüger.
“So oder so können wir nicht erwarten, dass die reine Sprachaufzeichnung uns die Diagnose ergibt, die Gelegenheit, früh Zugang zu Unterstützung zu bekommen.”
An awer geet hie vun enger “rasanter” Entwécklung an deem Beräich aus, wou ënner anerem Lëtzebuerg eng wichteg Roll spille kéint. Den Dr. Fagarazzi vum Luxembourg Institute of Health géing den LHR als transnational Institutioun gesinn a vill Acteure madenee verbannen.
Lëtzebuerg wier iwwerdeems och gutt opgestallt wat d’Preventioun ugeet. De Preventiounsprogramm am Grand-Duché géing 45 Prozent vun allen Demenzfäll evitéieren, betount de Rejko Krüger.
Ëmmer méi Medikamenter, déi hëllefen
Duerch eng méi fréi Diagnostik kënnen och d’Symptomer ofgeschwächt ginn. Dat spigelt sech och am Motto vum Welt-Alzheimer-Dag vun dësem Joer rëm: Staark Kanner, staark Zukunft.
Et misst iwwer déi normal Ënnerstëtzung erausgoen, seet de Spezialist. D’ALA an den Infocenter Demenz géingen hei am Land eng gutt Aarbecht leeschten.
“Aber wir sehen inzwischen, dass es wichtig ist, wann man es diagnostiziert, weil tatsächlich wir inzwischen Möglichkeiten haben, Medikamente zu geben, die das Voranschreiten solcher neurodegenerativer Erkrankung im Falle der Alzheimer-Erkrankung, diese Ablagerung des Proteins im Gehirn, vermeiden, verhindern können, und somit das Voranschreiten bremsen können.”
Dreet eng Käschtenexplosioun beim Asaz vu Medikamenter?
Eng Fro, déi sech natierlech stellt, betrëfft de Käschtepunkt vun deene Medikamenter an den Impakt op eise Gesondheetssystem. Dat wier eng wichteg Fro, seet de Rejko Krüger, an déi géing net just hei am Land diskutéiert ginn.
Et wier wichteg, datt wierklech just déi richteg Patienten déi richteg Dosis zum richtegen Zäitpunkt kréichen. Den Dokter Krüger schwätzt vu “Prezisiouns-Medezin”.
Um Enn wieren awer just eng 10 Prozent vun allen Alzheimer-Patiente wier esou eng Behandlung mat Medikamenter gëeegent, soudatt de finanziellen Impakt op de System iwwerschauber bleiwe géing.
“Das heisst, je präziser und damit auch effektiver wir Medikamente einsetzen, desto mehr haben wir auch eine vernünftige Kostengestaltung dabei.”
KI kann negativ Auswierkungen op d'Fitness vum Gehier hunn
Medikamenter a KI sollen also hëllefen. Mee grad d’KI kéint och e Risiko sinn. Ëmmer méi Leit gräife bei einfachste Froen oder Rechnungen op déi Kënschtlech Intelligenz zeréck. Dorënner kann d’Gehier-Fitness leiden.
Dat wier effektiv eng Fro, déi aktuell vill am Secteur diskutéiert gëtt, seet de Rejko Krüger. Et wier ausser Fro, datt déi kognitiv Aktivitéiten enorm wichteg sinn.
“Und dass ein Faktor für das Auftreten demenzieller Erkrankungen im Alter ist, dass die Menschen sich nicht mehr ausreichend sozial stimulieren, rausgehen, mit Menschen reden, kognitiv beschäftigen, das, was wir so als Gehirnjogging bezeichnen. Das heisst, im Umkehrschluss kann man natürlich vermuten, dass wenn man einen Grossteil seiner kognitiven Fähigkeiten delegiert, dass das dann auch negative Auswirkungen hat.”
Genee dat misst awer réischt an zukünftegen Etüden erausfonnt ginn. Dofir soll een d’KI als Chance gesinn, mee eben och kritesch hannerfroen.