D‘Autoritéite mellen éischt Blesséierter: Eng 150 Leit géife behandelt ginn, well si an der Panik aus der Héicht gespronge wieren. Si wieren awer net a Liewensgefor. Meldungen iwwer Doudeger gëtt et fir den Ament net, esou nach den Inneminister. Och iwwer gréisser Schied ass fir den Ament näischt gewosst.
D‘Biewen haten all hiren Epizentrum am Marmara Mier virun Istanbul. Do verleeft eng tektonesch Plattegrenz. Experte ginn iwwerdeems keng Entwarnung: D‘Haaptbiewe géif nach kommen, esou een tierkeschen Äerdbiewefuerscher op X.
Zënter laangem gi Wëssenschaftler dovun aus, datt ee Biewe vun der Stäerkt vu 7 op der Richterskala iwwerfälleg wier an där Regioun. Am ganze géifen annerhallef Millioun Gebaier zu Istanbul als Äerdbiewe-gefäerdet gëllen.