Soss kéint et keng normal Handelsrelatioun ginn, wéi den US-President bei der Vereedegung vum neie Bourssen-Opsiichtschef Paul Atkins annoncéiert huet. Sollt et zu kengem Accord kommen, da géifen d‘USA selwer d‘Reegele festleeën, sou nach den Donald Trump.
Vun der Spriecherin vum Wäissen Haus heescht et, datt een a punkto méiglechen Handelsaccord mat China viru kéim. Och aner Länner hätte schonn Interessi gewisen. 18 Propose géife schonn um Dësch leien, heescht et nach vu Washington.