Radioen

On air

De gemittlechen Owend  |  Jean-Joseph Mouret - Concert De Chambre À Deux Et Trois Parties: VIII. Chaconne - Ensemble Bradamante

play_arrow Live
opus

/ Aktiounsplang Drogeproblematik: Kritik vun der Oppositioun

60 Mesuren

Aktiounsplang Drogeproblematik: Kritik vun der Oppositioun

D’Oppositioun krut um Freideg déi 60 Mesurë vum Aktiounsplang géint d’Drogeproblematik virgestallt. Dobäi géifen et net vill nei Mesurë ginn, esou d’Kritik vun der Oppositioun. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance / NurPhoto | Jaap Arriens play_arrow
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Jaap Arriens)

Dat wat presentéiert gouf, wier an der Kontinuitéit vum Mesurëpak vun 2021 vun der Virgängerregierung, esou déi gréng Deputéiert Djuna Bernard.

“Mee effektiv vill innovativ nei Konzepter hu mir net héieren. Dat wat natierlech begréissenswäert ass, ass datt den Abrigado renovéiert gëtt, an ee komplett neit Konzept soll dohinner gebaut ginn.”

Vu Kontinuitéit beim Aktiounsplang “Drogendësch 2.0”schwätzt och den LSAP-Deputéierten Dan Biancalana. Déi präventiv, sozial a sanitär Mesurë wiere weiderhi relevant. 

Net genuch Präventioun

Anescht gesäit dat de lénken Deputéierte Marc Baum, dee vun engem Sammelsurium u Moossname schwätzt, déi ee scho géif kënnen.

“Virun allem de repressiven Deel gëtt ausgeweit. De preventiven Deel, do geschitt quasi guer näischt.”

D’Drogendealeren an déi ganz organiséiert Kriminalitéit hannendru géifen net esou bekämpft ginn, wéi et misst geschéien, esou d’Aschätzung vum Sven Clement vun der Piratepartei.

“Villäicht well mir och d’Moyenen net hunn. An déi, déi mir am einfachste kënnen erwëschen, d’Konsumenten, déi gi mir elo nach zousätzlech bestrofen.”

ADR sicht d'Schold am Ausland

Iwwer d’Hallschent vun de verhaften Dealer kéimen aus Frankräich, esou den ADR-Deputéierten Tom Weidig. Senger Impressioun no, kéim awer och ee groussen Deel vun de Keefer aus dem Ausland.

“Well hei zu Lëtzebuerg kann ee warscheinlech och méi Suen duerch Beschaafungskriminalitéit maachen. Et huet ee villäicht méi Accès zu Drogen.”

Den neien Aktiounsplang wier ee “gesonde Mix” tëschent Repressioun a Preventioun, esou den CSV-Deputéierten a Stater Schäffe Laurent Mosar: Wichteg wier elo all d’Mesurë méiglechst séier anzeféieren.

Lauschterenplay_arrow