Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  George Onslow - Nonetto, Op. 77, II. Scherzo (Agitato) - Ensemble Initium, Ensemble Contraste

play_arrow Live
opus

/ Appell vum Dëschtennis Diddeleng: Éierentribunal vun der Federatioun schalt sech mat an

Affär Sarah de Nutte

Appell vum Dëschtennis Diddeleng: Éierentribunal vun der Federatioun schalt sech mat an

An der Affär Sarah de Nutte befaasst sech den Éierentribunal vun der Dëschtennisfederatioun mam Appell vum Dëschtennis Diddeleng, kuerz DTD. Dat ass dee Lëtzebuerger Club, an deem d’Spillerin lizenzéiert ass. Een Datum steet awer nach net fest.

auto_stories

1 min

Symbolfoto: Adobe Stock

Den DTD hat am Dezember, am Géigesaz zu der Sarah de Nutte, Appell gemaach géint den ëffentleche Blâme, deen de Comité-directeur vun der FLTT am November géint d’Spillerin gesprach hat.

Den Dëschtennis Diddeleng hat Formfeeler invoquéiert: Engersäits wier den entspriechende Vott net geheim an anerersäits de Sportdirekter Heinz Thews am Sall gewiescht. Domat hätt de Comité-directeur vun der FLTT géint d’Statute vun der Dëschtennisfederatioun verstouss, hat et an engem Communiqué vum DTD geheescht.